Wann ee sou ee Vortex ze fotograféiere kritt, da muss een dat jo och direkt richteg gudd an d'Bild setzen.
Do muss ee lo oppassen, datt een net zevill do an dat Déngem do interpretéiert, mais bon... De Poul vum Glänner weist jo mo schon direkt an den Zentrum vum Geschéien. Wann elo dee Kreess, wou d'Schneck ukënnt net just liicht niewent de gëllene Schnëtt gerode wier, da wier di Foto perfekt. Mais ech si streng: Wann ech dat ganzt kucken, da gesin ech, datt dat bal net méichléch ass, fir deen dote Bildopbau ze kréien an dann och nach amplaz d'Mëtt, de gëllene Schnëtt ze geroden. Hop! Et ass gutt, sou wéi et hei ass!
Ahjo do wuar jo eppes mat gellenem Schnett an Regelen, hun schon dovun héieren. Mee du kennst mech mettlerweil dass ech et emmer aanescht man wei et sollt sin, soss wär Ech net ech, an obwuels de Recht hues, sin ech guer net secher op Foto dann sou wär, wei se lo ass, an trotzdem sin ech mega frouh iwert dein Feedback an dofir Merci
Kéint och lo "Château s'effrite" heeschen ( keng Fritten ). Vu datt's de do mat 10 mm am APSC-Format geschafft (also ronn 15 mm am Vollformat) hues, gin ech emol dovunner aus, datt et enk a schwiereg war. Desto besser gefällt mir d'Resultat.