Du kucks grad déi 15 läscht Neiegkeeten

Resultat vum grousse Concours
vum Johny (16.01.2012 - 21:12)
Endlech ass et esou wäit, d'Gewënner sti fest vun eisem groussen Concours wou den éischte Präis 1 Joer laang gratis Fotobicher bei foto.lu war, den zweete Präis eng Foto op Plexiglas 80x120 an den drëtte Präis eng Foto op Alu-Dibond oder Toile 70x105.
Zur Erënnerung: Et sinn ëmmer déi 3 Fotoen aberechent ginn, an ween mat senge Fotoen déi héchste Moyenne erreecht huet, huet gewonnen.
Hei dann de gesamte Ranking:
1. Focus
2. Silex
3. abrissreif
4. Sirius
5. kola
6. Miau
7. marischen
7. Metalbambi
7. ClaudeR
7. BlackPanther
7. suraki
12. mmphotos
13. He-Lx
14. mischii
15. Jeanny
16. pixelfern
17. Abacab
18. Locke
19. SBCriss
20. Marmag
20. gtaddei1
22. kicker
23. Dynax
24. Kleent
24. gogo
24. diddylux
27. Jeje
28. Magic
29. djmoses
29. jekyll
31. Val
32. Susanne
33. tennes
34. abrakadabra
35. pollux
36. Zodiac
37. Michelp88
38. eye-like
38. Klod_Jektiv
40. rocksta
40. Charly_Ente
42. Gibbes
43. Posanias
44. rockstarnailbomb
45. rivende
46. DiGGi
47. Theodor
Fir déi déi sollten norechnen: Op Plaz 3 an 4 haten mer e Glaichstand, do huet eis Jury sech dann an enger eenzelner Ofstëmmung nach fir dës Reihenfolg dann entscheed :)

Nikon D4
vum gloda (15.01.2012 - 22:26)
Dir sidd all vill ze vill léif mat mir. Ech kréien iwwert eng Woch laang net mat dass d'Nikon D4 annoncéiert gouf an dir sidd all ze héiflech fir iech ze beschwéieren dass nach keng News driwwer komm sinn. Mat Verspéidung dann hei e puer Infos iwwert dat neit Flaggschëff vu Nikon, déi se als Multimedia DSLR bezeechnen.
-16MP
-10fps (oder 24fps wann ee mat 2.5MP schafft. Mä da schellt dono d'Police well d'Noperen eng Mitraillette héieren hunn.)
-Ethernet Uschloss
-91,000 Pixel Mooss-Sensor. Deen erkennt och Gesiichter. Dir kënnt jo an de Kommentaren schreiwen ob der dat nëtzlech fannt.
-verbesserten AF Sensor (méi liichtempfindlech)
-ISO bis 204,800. Ech muss ëmmer zweemol kucken ob ech mech net an den Nulle geiert hunn.
-méi Knäppercher! (Ech hu mer soe gelooss d'Canon 5DMkIII kritt eng Querz Tastatur.)
-beliicht Knäppercher. Cool! Op d'mannst fir déi Zäit wou een Knäppercher nach net auswenneg kennt an am Däischtere schaffe muss.
-XQD Späicherkaarten. D'D4 ass den éischten Apparat deen dës nei Kaarten ënnerstëtzt. Déi éischt si vu Sony an se sinn séier, z.B. kann een 100 RAW Biller "en rafale" fotograféieren an se kënnt nach no. 1Gbps. Fräck.
-CF Kaarten hëllt se awer och nach.
-1080p30 HD Video bis 24Mbps onkompriméiert.
-Boitier eleng: 6000$ ab Februar. Also wann an der Gemeng Käerjeng jiddereen 50 Cent bäileet kënne mer eis eng fir d'ganz Gemeng kafen. Ech géif se och versuergen.
Gläichzäiteg huet Nikon nach e puer Saachen annoncéiert.
-Eng vu Grond op nei designt Versioun vum AF-S Nikkor 85mm f/1.8G gët et mat der D4 zesummen als Kit oder eenzel ab Mäerz fir 499$.
-Den Nikon WT-5 Wireless Transmitter schéckt är Fotoen ouni Kabel op e Computer wéi een et scho vun der Virgängerversioune kennt.
Et kann een se bei Amazon virbestellen. Äh, nee. Pardon. Dat konnt een. Während zwou Stonnen. Du war se ausverkaf.
via:
dpreview.com
nikonrumors.com
chasejarvis.com
gizmodo.com

Annoncen-Revalidatioun aktivéiert
vum Johny (04.01.2012 - 00:36)
Et hu vill Leit sech gefrot wéi laang Annoncen iwwerhaapt aktiv bleiwen, an och gemengt dass et géing stéieren dass een net géing gesinn wéi al se wir d.h. et wéisst een net ob et nach e Wärt hätt sech ze mellen bei dem jeenechen. Dofir muss een vun elo un seng Annonce all 2 Wochen revalidéieren, sollt een dat net maachen dann gëtt d'Annonce automatesch geläscht. Fir dëst ze maache kritt een automatesch eng System Noriicht. Esou ginn esou wuel Annonce geläscht vun net-aktive User, wéi och déi wou Material z.B. schonn verkaf ass, well den User dann drun erënnert gëtt an hien se bequem läsche kann.
Dat ganzt an der Hoffnung dass dëst den Annoncen-Deel e bëssen verbessert ... :)
(Ab muer muss dann mol all Annonce déi aktuell am System ass eng Kéier revalidéiert ginn, d.h. vill vun iech gesinn direkt wéi et geet)

Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg
vum Johny (23.12.2011 - 15:48)
Lo si se erëm do, d'Feierdeeg zum Enn vum Joer. Mir wënschen Iech alleguer dass Dir dës Deeg vill Freed hutt, an déi Objektiver an Apparater geschenkt kritt déi dir wollt :). An natierlech och e gudde Rutsch an d'Joer 2012, wou mer op vill nei flott Fotoen gespaant sinn.
Denkt un eise Concours, fir deen muer Deadline ass: http://www.photogen.lu/?page=contest_index

Kleesechersnews
vum gloda (04.12.2011 - 14:25)
Wat huet sech a leschter Zäit an der Fotografie a Saachen Hardware a Software gedoen? Ech ginn iech eng kuerz Iwwersiicht falls der muer nach eppes wëllt op är Lëscht fir de Kleesche schreiwen.
Sigma wärt eng onstabiliséiert Versioun vum 17-50mm 2.8 EX DC HSM fir Sony a Pentax eraus bréngen. Déi meescht Fotoapparater an deem Format hunn nämlech mëttlerweil agebaute Bildstabilisatioun. Ab dem 9. Dezember kritt der also fir de selwechte Präis en Objektiv wat eppes manner huet. Yeah!
Nikon huet den SB-900 Blëtz duerch den SB-910 (550$ RRP) ersat. Vill huet sech net geännert. Den Display ass e bëssen anescht, ee Knäppchen huet gewiesselt an d'Iwwerhëtzungswarnung ass méi nëtzlech ginn. Et sinn elo och haart Filter dobäi fir d'Faarftemperatur ze wiesselen. Also sou zimlech dat selwecht wéi virdrun, just 55$ méi deier. Mä hey, neie Knäppchen a sou.
Nikon huet e puer Nikkor 1 Zoom Objektiver en Firmware Update offréiert. Betraff sinn folgend Modeller: 10-30 3.5-5.6, 30-100 3.8-5.6, 10-100 4.5-5.6.
Nikon huet fir Windows 7 a Windows Vista den Nikon NEF Codec op d'Versioun 1.12 aktualiséiert. De Codec gëtt benotzt fir am Windows Explorer Thumbnails unzeweisen.
Nikon huet d'Versioun 2.2.3 vum ViewNX eraus bruecht. Et goufen e puer Bugs eraus geholl.
Canon huet d'Cinema EOS C300 virgestallt. Et ass eng Filmkamera mat der EOS Montur. Den Präis war fir d'éischt bei 20000$ ugesat ginn mä ech mengen en ass schonn no ënne revidéiert ginn. Fir d'Fotografen ënnert eis ass dat net sonnerlech interessant mä vill Indie-Regisseuren wäerte sech freeën eng erschwénglech Kamera déi gutt an der Däischtert a mat (ë.a.) EOS Objektiver funktionéiert benotzen ze kënnen.
Vu Samyang kritt een geschwënn eng nei Versioun vum AE 8mm 3.5 Aspherical IF MC Fisheye CS Objektiv fir Nikon. Déi nei Versioun huet e Microprozessor a kascht 325€.
DxO Labs huet Optics Pro 7 eraus bruecht. Säit enger knapper Woch ass de Programm deen e gudd Stéck méi séier wéi d'Versioun 6 soll sinn ze kréien. Wann der d'Versioun 6 no dem 1. September kaf hutt ass den Update gratis.
Weider gëtt et vun DxO Labs den FilmPack 3.1, e Programm mat deem ee verschidden Zorten vun Analogfilm kann imitéieren. (Präisser bis Chrëschtdag: 49$ fir Essential, 99$ fir Expert.)
Vun Carl Zeiss gëtt et en neien Distagon T* 2/25 fir Canon an Nikon. D'Objektiv huet manuelle Fokus a kascht ronn 1400€.
Lytro huet hir éischt Kamera virgestallt. Vum Format hir gesäit se aus wéi e Rechteck aus engem Baukasten gekräizt mat engem Lëppestëft. Zur Erënnerung, dat hei ass déi éischt kommerziell Light Field Camera. E Modell dee Plaz fir 350 Fotoen huet kascht 400$. Ze kréien ab Ufank 2012.
Canon huet d'Firmware Versioun 2.1.1 fir d'5DMkII verëffentlecht deen e Bug mam Continuous Shooting soll behiewen.
Apple huet Digital Camera RAW à jour gesat. Mat der Versioun 3.9 ënnerstëtzen Aperture 3 an iPhoto '11 e puer Fotoapparater méi.
Vun Adobe gëtt et d'Release Candidates fir den Lightroom 3.6 an Adobe Camera RAW 6.6. Ween sech net gedëllege wëll bis se offiziell fäerdeg sinn kann se also schonn vun Adobe eroflueden. Et ginn e puer nei Fotoapparater ënnerstëtzt.
ArcSoft huet Perfect365 eraus bruecht. Mat dem gratis Programm kann ee mat engem Klick Biller manipuléieren. Perfekt vir déi Leit déi sech keng Gedanken iwwert hir Biller wëlle maachen. (Fir déi kënnt d'iPhone App och no. An d'Facebook App.)

Nei "Iwwert eis" Säit mat Erklärung
vum Johny (04.11.2011 - 12:48)
Mir hunn haut eis nei "Iwwert eis" Säit online gesat, wou mer ënnert anerem och eng kleng History agebaut hunn fir Leit déi wëlle wësse wat sou an de läschte Joren gelaf ass.
Des weideren hu mer do och beschriwwen wourëm et op Photogen geet, esou kann dat net méi falsch verstane ginn :)
Nei "Iwwert Eis" Säit kucken

Canon EOS 1D X
vum gloda (18.10.2011 - 09:33)
Canon huet de moien hiert neit Flaggschëff firgestallt: D'Canon EOS 1D X. Den X steet fir déi 10. Generatioun vun EOS Kameraen. D'1D X ersetzt d'1Ds an d'1D Serie. Déi zwou Linnen goufen heimat verschmollt.
Den Sensor
Den Sensor huet mat 18MP eng méi kleng Opléisung wéi d'1Ds MkIII. Dofir huet en awer déi gréissten Pixel aus der Canon Gamme: 6.95 micron pro Pixel sinn der 1.25 méi wéi op der 1D MkIV. (Méi grouss Pixel sammele méi Luucht an schaafen domat manner Bildrauschen.) D'Liichtsensibilitéit gouf em zwou Blende verbessert. Nativ geet den ISO bis 51'200. Mä dat kann een nach op ISO 204'800 eropschrauwen. (Wann der wéi ech mëttlerweil den Iwwerbléck verluer hutt: dat sinn 11 Blende méi wéi ISO 100.)
Prozessoren
Nach ee Grond virwat mer mat manner Rausche rechne kënnen: d'1D X huet en Dual Digic 5+ Prozessor, deen 17x mol esou séier ass wéi den Digic 4 vun 2008. Sou huet den Apparat dann keng Problemer fir 12 RAW Fotoen (oder 14 JPEG) an der Sekonn ze verschaffen.
Autofokus & Miesser
Iwwregens huet Canon nach een weideren Digic4 Prozessor agebaut just fir den Autofokus System eleng! Den AF System huet 61 Punkten, dovun sinn der 5 diagonal Kräizpunkten fir Blenden bis 2.8. Baussen sinn och nach eemol 20 vun de Punkten vum Kräiztyp. Den Liichtmiesser huet eng Matrix vun 252 Zonen déi en plus dem Tracking System hëllefen fir Motiver déi sech Bewegen nët aus dem Fokus ze verléieren.
Video
1080/24, 1080/30, 720/60 kenne mer schonn vun der 7D. Nei ass dass wann d'4GB Limit vun engem h.264 Fichier erreescht sinn d'Kamera elo automatesch en neien uleet amplaz d'Filmen ze ënnerbriechen. D'maximal Dauer vun engem Clip gouf och op 29 Minutten erop gesat.
D'Gehais
Dual CF Kaarte Slots fir UDMA-7 Vitesse, e Rideau aus Karbon-Fiber (fir 400'000 Ausléisungen), en neit 'Jogwheel' am Styl vum iPod, en Sucher mat 100% Ofdeckung an 0.76x Vergréisserung an (mer kennen et schonn vun der 7D) Gittermuster an Waasserwo. D'Knäppecher kruten en neie Layout deen se an Playback an Astellungen trennt. Dat Baussecht aus Magnesium-Alloy mécht d'Kamera Waasserfest, d'selwecht wéi bei den Virgänger. Se hunn och nach en Uschloss fir en LAN Kabel dran gebaut. WiFi an GPS ginn just iwwer Zousatzmodulen.
D'Präisser déi ech bis elo gelies hunn waren 6800$ an 7000$, den Datum wier März 2012.
(via Gizmodo, CanonRumors)

iNews
vum gloda (17.10.2011 - 18:08)
Lytro
Am Juni huet Lytro eng nei Zort vu Kamera annoncéiert mat där een kann nodréileg um Computer den Point de Vue an den fokusséierte Beräich astellen. Dat ganzt klappt doduerch dass fir all Foto en "light field" (Liichtfeld) opgeholl gëtt. D'Firma ass elo dobäi dem Apparat lescht Schlëff ze ginn an mat den Liwweranten an Hiersteller ze schaffen. Hei ass en klengen Artikel iwwer d'Reaktiounen vun 2 Fotografen déi mam Protoyp geschafft hunn: www.petapixel.com/2011/10/13/lytro-beta-testers-ca...
Adobe
Et gëtt knapps een Newspost wou mër laanscht dës Ekipp kommen! Hir neiste Kreatioun heescht Photoshop Touch an ass kënnt geschwënn (November?) fir Android Tablets eraus. Eng iOS Versioun soll no kommen. Fir 10$ kënnt der mat der App relativ einfach Arbeschten un enger Foto virhuelen. Ëmmerhinn ënnerstëtzt se awer Layers / Ebenen!. Donieft ginn et Effekter an Funktiounen fir d'Biller online mat aneren ze deelen. Et kommen nach 5 aner Apps déi zesummen an eng Serie gehéieren: Collage, Debut, Ideas, Kuler a Proto.
Och fir Mac a PC gëtt et neies: D'Versioun 3.5 vum Lightroom an 6.5 vum Adobe Camera Raw (ACR) sinn ab elo disponibel.
Apple
Vu baussen gesäit den iPhone 4S net vill anescht aus, mä et huet sech e bëssen eppes gedoen un der Kamera mat deer eng sëllechen Apps fir iOS schaffen. Den 4S huet en 8MP CMOS Sensor (backlit). Engadget seet dass deen par rapport zum Virgänger 73% méi liichtempfindlech ass. Déi aner wichteg Zuel ass déi hei: 30% méi Schärft: d'Objektiv huet eng fix Blend vun 2.4 a besteet aus 5 Elementer. Weider gouf d'Zäit déi d'Kamera fir ze starte brauch op 1.1 Sekonne reduzéiert, all Foto dono brauch eng hallef Sekonn Paus. Video hëlt en och op: 1080/30p.
Firwat zielen ech iech hei eppes iwwer d'Kamera vun engem Handy? Et bréngt eis als Fotocommunity näischt verpönt op den Apparat ze reagéieren, ëmmerhinn ass den iPhone 4 déi verbreetsten Kamera op Flickr, nach virun D90 an 5DMKII. https://secure.flickr.com/cameras/. Bei Gizmodo hunn se sech e puer vun den Beispillfotoen déi Apple erausginn huet ugekuckt: http://gizmodo.com/5846871/holy-hell-the-pictures-...
Niewebäi huet Apple och Aperture op d'Versioun 3.2 aktualiséiert. Wichtegst Neierung: d'Zesummespill mat iCloud an iOS5. (Sou, elo hunn ech awer oft genuch en i virun e Wuert gesat fir haut.)
Sigma
D'18-200 f/3.5-6.3 DC OS HSM krut en Nofolger. D'Versioun II krut FLD Glas an en verbesserten Design: et ass méi schlank an aus 13 goufe 14 Lënsgruppen. Benotzer vu Canon, Nikon, Sigma, Pentax a Sony Kameraen kënnen d'Objektiv fir 720$ kréien.
Sony
Fir d'SLT A77 an A65 gëtt et nei Firmware. Domat sollen ë.a. d'Knäppecher besser goen. Top.
MIT
Wëssenschaftler um Massachusetts Institute of Technology hunn erausfonnt dass Graphen (eng een Atom déck Schicht Carbon) op Liicht reagéiert. Dee Moment gëtt Stroum produzéiert. An der Fotografie kéint dat iergendwann praktesch ginn, well Graphen op méi ee breede Spektrum vu Luucht reagéiert wéi déi Materialien déi traditionell verschafft ginn.
Iwwregens rechent d'Gerüchtekichen ganz geschwënn mat neie Spigelreflex Kameraen vu Canon (muer) an Nikon (26. Oktober). Mir halen iech natierlech um Lafenden.
(via Petapixel, Gizmodo, CanonRumors, NikonRumors, DPReview)

Hard- a Software News September
vum gloda (02.10.2011 - 14:54)
Den leschten Update ass nach net lang hier, mä ech wëll iech net virenthalen wat de Rescht vum Mount geschitt ass.
Adobe huet Lightroom 3.5 an Camera Raw 6.6 eraus bruecht. Domat ginn d'RAW Formater vun 15 neien Apparater ënnerstëtzt. Update iwwer adobe.com.
Dobäi kënnt, nach eemol vun Adobe, d'Versioun 10 vum Photoshop Elements. An dëser Versioun gëtt et ënnert anerem 'Guided Edits'. Dir kënnt iech dat virstellen, wéi en Tutorial deen direkt an de Programm agebaut ass an dem User hëlleft Techniken ze léieren. E puer Tools goufen och iwwerschafft.
Dat war et och schonn. Lo profitéiert vum schéine Wieder a gitt Fotoe maachen :)

Nikon 1
vum gloda (21.09.2011 - 11:29)
Nikon sinn grad esou schlecht doranner nei Produkter geheim ze halen wéi se gutt dran sinn Fotosmaterial hier ze stellen.
Wat d'Gerüchtekichen schonn laang wosst ass dann ab haut offiziell: Nikon huet eng nei Gamme (Nikon 1) mat wiesselbaren Objektiver an ouni Spigel annoncéiert.
Zum engen hu mer do d'V1, mat Magnesium Alloy Gehais an engem EVF (Electronic Viewfinder) mat 1.4M Bildpunkten. Et kann een Video mat 1080/60 schéissen. Den neien Sensor am "CX" Format ass een Zoll grouss. Dat bidd also en 2.7fache Crop am verglach zum Vollformat. Den Sensor ass also e gutt Stéck méi kleng wéi deen vu vergläichbaren Modeller vun aneren Marken. Am Kit mam 10-30mm Objektiv ass d'V1 fir 900$ ze kréien ab dem 20. Oktober. Iwwregens: D'V1 ass déi bis elo klengst a liichtsten spigellos EVF Kamera.
Nikon huet gläichzäiteg en zweeten Modell no dem selwechten Prinzip virgestallt. D'J1 ass méi kleng a méi bëlleg (650$ mam Kit Objektiv). Den hei Apparat kënnt och den 20. Oktober an d'Geschäfter.
Ouni Objektiver bréngt engem deen neien Format natierlech näischt. Den 10-30mm f/3.5-5.6 hunn ech ewell ernimmt. Op Vollformat wier dat en equivalent vun 27-81, also en Standard Zoom. Dobäi kënnt den VR 30-110mm f/3-8-5.6 (81-297mm equiv.) mat deem der den Panther oder de Bier oder d'Kou (dat nächst Summerlach kënnt bestëmmt) méi no erun huele kënnt. Dat drëtt Objektiv ass en 10mm f/2.8 (27mm equicv.) fix. Méi spéit eréischt kënnt en Nikkor VR 10-100mm f/4.5-5.6 (27-270 equiv) 'Power Zoom' Objektiv. Ech sinn net sécher wat Power Zoom heescht, mä et kléngt ewéi eppes wat ech op en elektresche Vëlo géif installéieren. Zoom de Bierg erop!

Photogen huet haut Gebuertsdag
vum Johny (19.09.2011 - 10:41)
Haut op den Dag genee ass et 6 Joer hier dass Photogen.lu online gaangen ass, nämlech den 19. September 2005. An dëse 6 Joer ass vill geschitt, vill Leit hu sech kenne geléiert, vill Fotoen sin diskutéiert ginn, vill Leit konnten sech weiderentwéckelen, wourop mir besonneg stolz sinn.
Säit 2008 och als a.s.b.l. ugemellt si mir an Tëschenzäit ee vun de gréissten an aktivste Clib zu Lëtzebuerg mat och ënner anerem wuel der héchster Unzuel vu jonke Leit als Clubmember.
E puer technesch Informatiounen wat bis elo esou geschitt ass:
- Total Klicks: 432'140'206
- Erop geluede Fotoen: 42'867 déi am ganzen 220'148'425x gekuckt gi sinn
- Kommentarer sinn 269'543 geschriwwe ginn bei Fotoen, News, Tutorials an Artikelen
- Ugemellten User um Site: 2'935
- Clubmemberen: 126 (dovun 50 mat Lizenz bei der FLPA)
Wann een dann nach d'User derbäi zielt déi mer bäikritt hun well mir viru kuerzem Photoshoot.lu och iwwerholl hunn, kënnt een op 3'907 ugemellte User (wou allerdings och vill Leit zwee mol dann gezielt sinn) wou Photogen geréiert, an am ganzen bal 100'000 Forum Kommentarer.
Dëst alles ass natierlech just méiglech duerch all eis User an Clubmemberen, dofir op dëser Plaz e grousse Merci u jiddereen dee regelméisseg aktiv ass an soumat mat derzou bäidréit dass et esou weider geet mat Photogen.
An dat wichtegst: Mir wënschen Iech weiderhinn vill Spaass beim Fotoen maachen :)

Hard- a Software News fir d'Rentrée
vum gloda (15.09.2011 - 19:09)
D'Vakanz ass eriwwer, ech hoffen dass et och an der Fotoswelt geschwënn nees méi ze berichte gëtt wéi dat wat den Summer iwwer gelaf ass.
Hardware
Fänke mer mat Sony un, well déi hunn sech am mannste gerascht. Sony huet zwee nei Modeller an hirer héijer Gamme virgestallt.
D'SLT-A77 ass den Nofolger vun der A700. Mat engem transluzenten Spigel an 24MP Sensor kritt se trotzem nach 12fps drop. Donieft kann se sech bretzen mam héchstopléisenden elektronesche Sucher bis elo (2.4M Bildpunkten). Et gëtt och 1080p60 Video mat Autofokus a Stereomikro an GPS fir wann der d'Philharmonie net méi fannt. De Präis läit bei 1399$ an den U.S.
Gläichzäiteg huet Sony en zweete modell virgestallt. D'Alpha SLT-A65 kascht mat 999$ e Stéck manner mä bidd vill Features vun der grouss Schwëster, notemmen den selwechten Sensor a Sucher (wann och "nëmmen" 10fps). Den Boitier ass aus Plastik amplaz Magnesium Alloy an den Bildschierm dréit sech em eng Achs manner, woumat en doppelten Rittberger vum 3" LCD dann ausgeschloss ass.
Domat huet Sony awer nach net op gehal. Et ginn och dräi nei E Objektiver an ee fir d'Alpha Bajonett, den DT 16-50mm f/2.8 SSM, e stëps- a waasserofweisenden Standardzoom.
Fir Canon User gëtt et den Firmware Update 1.1.0 fir d'Canon 60D. Et gouf nom Blëtz gekuckt an d'Kamera probéiert elo net méi iech dronken ze maachen andeems se d'Biller falsch rotéiert.
Nikon huet den AF-S DX Micro Nikkor 40mm f/2.8G (sot dat emol e puer Kéieren hannerteneen) mat 1:1 Macro annoncéiert. En huet SWM a fokusséiert domat op all Nikon Gehais. D'Objektiv soll schonn ze kréie sinn, fir 280$.
Sandisk an Eye-Fi hunn sech zesumme gedoen fir SD kaarten mat Wireless Funktioun un ze bidden. Dir hudd elo d'Méiglechkeet e Stéck méi fir d'Eye-Fi Kaarten ze bezuelen, dofir kritt der dann en SanDisk Sticker drop.
Software & Firmware
D'Fouer ass eriwwer, mä Adobe léisst iech nach eng Ronn um 'Carousel' dréinen. D'Iddi ass fir är Fotosammlung an der "Cloud" ze späicheren. Vun do aus kënnt een dann (fir de Moment) mat OSX an iOS drunn. Et ginn e puer simpel Funktiounen a Filteren. Fir de Moment kascht den Tuer um Karussell 59.99$ d'Joer, mä dat ass just d'Journée Familiale. Dono kascht et 99.99$ d'Joer.
Corel huet de Paint Shop Pro X4 eraus bruecht. De Programm huet elo HDR Funktiounen, en 'Selektive Focus' Tool an et kann ee Vignetten op d'Fotoe setzen. (Anscheinend goung dat fréier net?) De Programm soll méi séier lafen an et goufen Funktiounen agebaut fir är Kazefotoen nach méi séier direkt vum Programm aus op sozial Netzwierker ze schécken. 79$ oder 99$ fir d'Ultimate Edition wou Nik Color Efex 3 an aner Saachen mat dobäi sinn.
Woubäi: Nik huet de selwechten Dag d'Versioun 4 vum Color Efex eraus bruecht. 55 Filter sinn drann, an neierdéngs kann een déi ënnertenee kombinéieren. Et gëtt och eng ofgespeckte Versioun. De Plugin gëtt et fir Photoshop, Lightroom oder Aperture.
DxO Labs huet FilmPack 3 virgestallt. Domat kann een 60 Schwarzwäiss- an Faarffilter simuléieren. An dëser Versioun koumen 3(!) nei Filter dobäi. Doniewt kann een den Effekt elo méi präzis kontrolléieren. D'Essentials Versioun kascht 49€, fir en Oppräis gëtt et d'Expert Versioun.
(via dpreview.com, petapixel.com, canonrumors.com, nikonrumors.com)

Photogen iwwerhëllt photoshoot.lu
vum Johny (04.08.2011 - 14:52)
Photoshoot.lu ass e Forum deen fir all d'Leit ass rondrem d'Portraits Fotoen d.h. fotografen, Models, Visagisten asw. Déi aktuell Administratoren hunn awer leider décidéiert de Forum net méi wëllen weider ze halen an hunn de Forum dofir fräi ginn fir dass een aneren en kann iwwerhuelen. Vu dass mir net wollten dass dëse Forum ganz verschwënnt, iwwerhëllt Photogen dësen elo, d.h. an den nächsten Deeg gëtt de Forum geplënnert op de selwechte Server wéi Photogen, an dann ginn d'Leit am Team gewiesselt an mir probéieren dat dann weider ze féieren.
De Plang ass fir um Ufank de Forum esou weider lafen ze loossen, an et mat der Zäit méi ze integréieren mat spezifeschen neien Funktiounen am Site vu Photogen.
Vu dass aus dem aktuellen Team nëmmen een weider dra bleift, kéinten mir nach e bëssen Ënnerstëtzung gebrauchen wat d'Moderatioun vun dem Forum ugeet. Wann Leit interesséiert sinn dodrunn, mellt Iech w.e.g. op info@photogen.lu
Dat neit Team gesäit bis elo esou aus dass de Marc Marchal (mmphotos) an de Johny d'Haapt Moderatioun wärte maachen mat Ënnerstëtzung vum Yves Gilbertz (DiGGi) an Christian De Carolis.
Mir hoffen deene Leit vu photoshoot an och eise Clubmemberen heimat nach méi kënnen ze bidden an, dass mer all zesummen nach vill weider Spaß wärten hunn beim Fotoen maachen :)

Photogen Studio nach net prett
vum Johny (13.07.2011 - 14:08)
Leider ass de Studio vu Photogen ëmmer nach net fäerdeg an soumat och net erëm prett fir Fotoen do kënnen ze maachen. Obwuel eis um Ufank versprach gouf et géif am Mee gemaach ginn, war dat net méiglech an am Moment läit et nach e bëssen um Pabeierkrom fir dass et gemaach gëtt. Mir probéieren awer derhannert ze bleiwen (d.h. hannert der Gemeng an der Firma déi et herno wäert maachen) fir dass et virun geet.
Mir deelen iech all dat hei mat well mer regelméisseg Ufroen kréien wéini de Studio erëm zur Verfügung steet, mä leider kënne mer dat am Moment nach net esou genee soen. Esou bal mir méi Detailer hunn zu engem Datum, wäerte mer dat natierlech um Site och mat verëffentlechen!
An Tëschenzäit kënnt dir jo dobäussen och schéi Fotoen maachen (viraus gesat d' Wieder gëtt besser wéi lo dës Woch :))

Technik an Software News vum Juni
vum gloda (01.07.2011 - 15:21)
Hardware
-D'Sigma Makroobjektiv 105mm f/2.8 EX DG OS HSM soll ab elo disponibel sinn. Fir 1400$ kann een domatt Makroen bei enger Vergéisserung vun 1:1 maachen.
-Kenko an Tokina hunn fusionnéiert an en neit Objektiv ugekënnegt. Den Tokina SD 17-35mm f/4 AT-X PRO FX huet SD Glas, rouegen Autofokus. Vum Präis gouf nach näischt gesot.
-Lytro, eng nei Firma, huet eng Kamera annoncéiert mat deer een d'Fotoen nodréiglech um Computer fokusséieren kann an déi och Ännerungen un der Perspektiv zouléisst. D'Iddi gouf hei am Forum diskutéiert: http://www.photogen.lu/forum/thread.php?goto=lastp....
-Canon huet den EF 55-250mm f/4-5.6 IS II virgestallt. D'Objektiv soll ab Juli ze kréie sinn.
Software & Firmware
-Canon huet d'Firmware fir d'50D op d'Versioun 1.0.8 aktualiséiert.
-Pentax huet d'Firmware vun den Kameraen K-r, K-5 an 645D op d'Versioun 1.01 aktualiséiert.
-E puer Kameraen vun Sony kruten iwwert en Firmware Update nei Features: d'NEX-3, NEX-5, SLT A33 an SLT A55 profitéieren dovun.
-DxO Labs huet FilmPack3 erausbruecht. Domat sollen Amateuren vum Analogfilm deem d'Charekteristiken vun 60 beléiftenen Schwarzwäissfilmer um Computer simuléieren kënnen. DxO Labs huet och den Programm Optics Pro op d'Versioun 6.6 aktualiséiert.