Wow, déi mam Baam ass immens gutt ginn! Déi aner Foto ass zwar och schéin, mä d'Stären sen bëssen onschaarf geroden, kréien dat selwer och net ëmmer perfekt hin. ; ) Mä wat fir eng Beliichtungszäit an Blend hues du beim Bam agestallt ?
Merci! Beliichtungszait vun 30 sec bei enger Blend vun 3.5 an ISO 2500.
Jo, déi aner ass net sou gudd, mee d'Farwen gefaalen mir (waiss, giel, orange, rout). Déi ass net ganz scharf, ass richteg.
Hmmm.... den ISO ass schon extrem . Hun selwer eng D7000 an bei 2500 ass schon d'rauschen do. Dofier gefällt mer Bild 2 elo net esou gut. Also hei haett eng méi lang Beliichtung an mat méi héicher Blend wier se dann och méi scharf gin.
Ass awer trotzdem SUPEr , besonech den Bam fannen ech immens.
Merci!
De Problem ass, méi lang wéi 30 Sec beliischten, dann gin d'Stären schon zu Strecher, duerfir ass an mengen Aan 30 sec den absoluten Maximum, besser wier wahrscheinlech nach 27-28 Sec.
Wow, maan selwer gaer Staeren fotoen, an di mamm Baam gefällt ma mega gudd, och well do Schleierwolleken laanscht zéien mescht daad eng super Stemmung!!