Du brauchs nach méi Detail fir riets, wou dat däischtert Lach wéinst den Beem ass. Wann do keng Luucht ass muss de der op iergendeng Manéier Luucht maachen.
Do war bessi Luucht, mee déi huet ofgelenkt (fir mech) dofir hun ech do alles mi donkel gemaach. Wann een gudd kukt hun ech do och een Lensflare oder Reendreps cachéiert di zimmlech opfälleg war.
Mee wann ech dat ganzt mat bessi Distanz kuken... dann hues du recht, op der Plaz misst bessi méi Detail sin, am Verglach zu der anerer Seit ass et do just schwarz. War mer virdrun net sou bewosst opgefall. THX!!!
Ech fannen se ganz interessant, mee de Gloda huet net onrecht. Freet sech just wéi ?
Hei e puer Ureegungen: z.B eng Autobomm explodéieren loossen oder de Besch verbrennen, oder nach besser eng Hexenverbrennung. 100 Blëtzer fernsteieren.
100 Blëtzer ass keng domm. Du muss just zu 2 Leit sinn. Een mécht 100 Fotoen. Den aneren léist fir all Foto 1x den Blëtz aus. Dann beweegt en sech op eng aner Platz am Bësch. Dono setzt een d'Fotoen zesummen.
Do kinnt een sech amuséieren... just... Den Besch gett jo net vum Buedem aus beliicht, mee vun uewen iergendwou. Vun ennen wir zwar demnowéi och interessant... dann huet een secher eng flott Foto, mee da seet se eppes ganz anescht aus wi dat di hei.