hei wär emol meng foto vun der Philharmonie, alt erem ee Gebei wou mech zum staunen bruet huet!
Waat haalt där vun den Faarwen an vum Bleckwenkel an weider Kritiken sin natierlech erwenscht
Eigentwie ass emmer eigentebes kromm... Philharmonie kippt no lenks! Daat Gebei hannendrun no ritz! An Trappen kippen awer och nach bessen no ritz! Me du hues een wonnerscheinen bloen Himmel, eng schein beliichtung vum Gebei (:
Deng Perspektiv gefällt mir awer ganz gutt (:
Daat mam kromm sin as mat engem normalen Waitwénkel normal, wann een se net duerno am Photoshop oder sou riicht zitt. Daat kënnt duercht d'Optik an duerch d'Positioun vum Fotograf. An desem Fall kuckt den Fotograf net riicht op d'Gebeier, an doduerch schéngt et wi wann beid Gebeier kromm wieren. Daat ganzt kann och mat engem sougenanntenen Tilt / Shift Objektiv vermeid gin.
Lo awer zur Foto: du häs se kennen riicht zeien an engem Bildbeaarbechtungsprogramm deen der et erlaabt, falls de soueen hues. Den blooen Toun gefällt mir perseinlech nët su gudd.
du wees jo awer och dass heen dann muss croppen wann heen se riichtzitt??!! ech hoffen se ganz gudd esou. perspektivesch distorsiounen sin cool. An net all mensch huet den portemonnaie sech en TS obj. ze kaafen.
Jo sëcher wees ech dat een muss croppen, mee daat kann een jo op ongefeier beim cadrage arechnen wann een d'Foto mecht. Außerdem hun ech nët gesoot, datt d'perspektivesch distortiounen ëmmer schlecht ausgesinn, et geif MIR HEI PERSEINLECH just besser gefaalen, wann d'Foto riicht wär. Ëch wollt dem Kiichii just erklären firwaat d'Foto nët riicht as.
ma ech war vun teschent 3 an halwer 5 an deem eck vun der philharmonie an den mudam
sin na anner 2 fotografen iwwert de wee gelaaf mee dech hun ech do awer och net begeint