Waat mech faszineiert ass, dass een tatsächlech e ganze Koup drop fannen kann, Bibien hei, en Ponton do, den Hannergrond mat den Koppen, och daat selwerecht Waaser get deem Ganzen eppes elegantes ... zu all dem Enthousiasmus mengerseits entsinn do och Froen ... Gouf do un den Kneppercher gedreiht? Wann jo, mat welchem System w.e.g.? Pur Wissbegierde .... aanerer nennen daat Fierwetz!
Jo, ech hun hei den Silver Effex Pro Plugin am LR agesaat an dun nach selwer duerno am LR e bëssen ugepasst. Haaptsächlech hun ech plaatzeweis nogeschärft an den Himmel méi dramatesch gemaach ouni lo zevill ze iwerdreiwen.
Dat do kennen ech gutt! Ehch hat wëlles, elo där Deeg een och mol nees eng Kéier mat méngem décken Tele dohinner ze fueren.
Deng Gesamtvue op dat Natureservat hei gefällt mir ganz gutt, och besonnesch di s/w Bearbéchtung. An de WW hei mécht di Spigelung vum Himmel an deem liicht "gewellte" Waasser richteg flott. Déng Foto motivéiert méch, fir dee wäite Wee vu Rammerech an de Südoste vum Land op méch ze huelen.