Esou gesinn ass ausser den orangen Männercher zwar net méi all ze vill Liewen an der neier Avenue
Flott Dokumentatioun vun deem Megachantier mat intressanter Perspektiv.
Dat do dierft deenen Architekten, déi deemol d'Nei Avenue mat der Vista op den Turm vun der neier Gare centrale sou geplangt hate vum Pont Adolphe iwwert d'Paräiser Plaz, eng Freed maachen. A wou dann och elo nach d'Tramsschinnen d'Zentralperspektivelinieféierung verstärken, ass dat nach méi evident. De "Kirchturm" vun der "Cathédrale des voyages" am Fluchtpunkt, wéi an enger Renaissancemolerei.
Mais wat hei an dénger Foto awer nach méi de Kick ausmécht, dat sin di relativ terne farwen am gréissten deel vun der Foto (beige, gro) an dann di jäitzeg Punkten an de Komplementarfarwen roud a gring a giel a blo. Also méng Stëmm fir di heite WF has du mol ganz sécher...
Merci Nico fir deng flott Analys an deng Stëmm bei der WF. Keng Sonn, kee schéint Liicht, awer di orange Gileten - Gott sei Dank si se net giel - brengen daat néidegt Liicht eran
Et muss net ëmmer voll Sonn schingen. D'Hilla an de bernd becher hun nëmme bei bedecktem Himmel fotograféiert, an awer sin hir Biller Weltklass. An éierléch: häss du hei fotograféiert, wann d'Sonn voll an d'Nei Avenue geschingt hätt? Moies hätten d'Haier lénks Schied geworf, mëttes häss du voll Géigeliicht gehat, an nomëttes dat selwécht wi moies, just vu rechts. Donc! Et ass perfekt sou, wéi et ass.