Wow. Flott Kompositioun, stemmungsvoll Luucht, schein warm Farwen...gefällt mer ganz gudd!. Alles ganz stemmeg. Do lount et sech frei opzestoen....mee se kippt no lenks.
.den Horizont vum Waasser war bei dëserer Opnahhm den eenzege Unhaltspunk fir d'Kamera ze nivelléieren. An der Realitéit gesi mir dräidimensional, do ass et normal dat den Horizont vum Waasser riicht ass. Vu dat ee beim Betruechten vun engem Bild, siéf et um Ecran oder Pabeier eng zweedimensional Vue huet ass et een anert Empfannen, a mäi Bild gesouch bei ausgeriichtem Horizont aus wéi wann et ging no riets kippen, kuck emol hei ''sécherlech eng optescht Täuschung duerch den dominante Fiels''
..dat d'Bild effektiv no lenks kippt gesäit een awer eréischt wann een den Horizont vum Waasser un de Rand vum Schierm zitt, dowéinst hun ech d'Bild gewollt esou kadréiert. Technesch gesinn ass dat fläicht net richteg, visuell fannen ech wirkt d'Bild awer esou méi stëmmeg.
Merci beaucoup fir däi Komentar Raypics, dat d'Bild dir gefällt freet mech natierlech..!!
Jo, Recht hues de, den Horizont ass och hei am Dropboxbild horizontal, ech hun awer d'Impressioun, dat duerch wéi eng Ëmstänn och ëmmer d'Bild no riets kippt, an dowéinst um Bild hei op PG meng Korrektur, wuelgemierkt dat et technesch net ganz richteg ass...!!