Schéin dass de eng Verniwwelung am Virfeld mat an´t Bild Fotograféiert hues. An net mam Pinsel geschaaft hues. Di fannen ech ganz realistesch! Am géigenliicht kommen Härecher vun der schaarfer Blumm ganz gutt och mat de Faarwen eriwwer. Eng gewëssenen Déift geet dem Bild di net schaarf Blumm.
Strukturen am Hannergrond sinn zwar hefteg.(Awer esou gefalen di mir ganz gutt) Ginn dem Bild awer eng gewëssen Bildlech Bewegung oder Rotatioun. Spannen ech elo, oder hues de och esou eng Impressioun?
Merci Conley fir däi laangen an detailléierte Kommentar!
Ech wollt hei d'Ëmfeld vun der Blumm mat an d'Bild abezéien, weise wou se steet. Dann ass et schwiereg e gudden Equiliber tëschent dem Sujet an dem Hannergrond ze fannen. Well den HG. awer zimlech bewegt an onroueg ass, hunn ech hei selektiv d'Faarftemperatur erofgesat an och e bëssen desaturéiert.