Kommentar vum Fotograf:
Gëschter Zu Remerschen um Haff Réiméch. Mir gi gemittléchum Wee spadséieren do, wi mäi Jong (13 Joer) gesot huet: Pappa, wat sin dat do fir komesch Hënn?
Wéi ech d'Frischlingen och gesin hun, sot ech zu ménge Begleeder: Lues, passt op, wann d'Mamm an der Géigend ass, dann hu mir besser neess ëmzedréinen. (D'Frischlinge waren awer alleng ënnerwee). Op eemol koumen eis ee franséische Pappy mat dräi Kanner tëscht 5 an 10 Joer ëntgéint, déi ausgeflippt sin an déi d'Frischlingen erféiert hun, besonnesch well deen Aalen d'Kanner och nach quasi opgefuerdert huet, no bei d'Fierkelcher ze goen. Eent der vun ass a Panik an den Dëmpel gesprongen, wou et séch an den Alge verfaangen huet, an no relativ kurzer Zäit erstéckt oder erdronk ass. D'Leit, di Déieren opgeschreckt hun, (och nach d'Tata an d'Mamm an nach ee Mann) stounen do beim Waasser ze aafen, bis datt eng vun de Fraen een diren Aascht geholl huet an domadder probéiert huet, d'Fierkelchen ze retten, wat natiirléch illusoresch war. Irgendwann haten se et dunn awer rausgezunn, mais ech mengen, net, datt et nach gelieft huet.