Das Kleine ist ebensowenig klein,
als das Große groß ist ...
Es geht eine große und ewige Schönheit
durch die Welt,
und diese ist gerecht
über den großen und kleinen Dingen verstreut.
Jeanny déi ass immens schéin
Drësen, d'Spinnweben, den naasen Moos, an d'Magréitchen ( wou ech och erstaunt war der nach souvill ze fannen an onser Wiss geschter) alles eenzel an dann zesummen een harmonescht Bild, een Genoss ze kucken
An daat grousst ass en intervall riets op , an den onendlech kleng ass en intervall lenks vun der 1 op ... bis op null ... Wou begeint sech den onendlech grouss an den onendlech kleng??? Anscheinend do wou Gott och keint sin
Ech sin hei aanerer Meenung bei deser Foto.
Den eneschten Deel gefällt mer ganz gudd an och den Bildopbau.
Mee den Hannergrond ass awer net ze kucken an mecht déi ganz Foto schlecht! Wou et vum Blo an d'Grotéin iwergeet sin stark Streifen ze gesin(banding) an deels Tounwertofress wat ech perseinlech absolut net schéin fannen. Dat ass awer méiglech ewesch ze kréien wann et net ze stark ass.
Bei mär sin schon vill Fotoen doduerch an d'Poubell geflunn well esou Streifen ze stark waren oder ech se guer net konnt korrigéieren.
Mee wann et soss keen hei stéiert, emsou besser
Et gin vill tutorials wéi een esou Sachen kann verbesseren. Hei ass mol een dovun an et gin der nach méi, et muss een e bessen sichen an probéieren:
Fannen dat schéin, wa Fotoen d'Natur rëmspigelen. Och wann dobäi net alles perfekt ass. Du hues recht, profitéier fir Biller do baussen ze maachen an dat ganzt gephotoshops ass zweetrangeg.
Bei ville Biller wees en haut net méi, wat ass nach echt oder sinn déi direkt am Blender entstan.