Jo Farwen sin do duerch déi Belichtung schons an 'natura' flott. Wou ges de dann net eens ? Bei en all oder wou ..?
Bei der 1ter wollt ech den Wee laanscht Gebai am 'Naischt' verlafen loossen
Bei der 2ter d'Vasen am Wenkel
Bei der 3ter hunn ech vill missten drun 'béien' well ech nemmen stierzend Linnen hat
Bei der 4ter wollt ech den Haf 'grouss' weisen
Ech hätt mech vleit sollen direkt besser erklären. Ausser bei der éischter feelen mir Linen déi aus engem Eck vun der Foto raus- oder an den Eck ran laafen. Daat wollt ech am Fong soen.
Bei Architektur versichen ech sou gudd et geet dorobber opzepassen. Meeschtens mecht daat d'Fotoen méi "stemmeg".
Oder ech versichen sou vill wéi méiglech Symetrie dran ze brengen waat hei och net de Fall ass.
A OK, dorobber hun ech lo wirklech net gekukt...hun mech dohin gestalt, wou ech grad Platz hat an hun dun fotograféiert. Merci fir Kritik, passen nächst Kéier dan mol besser dorobber op.
Naja...
1. wees ech net ween dat war
2. ech hun vill dobannen geschafft, eng Katastoph héich 10 (dann ass et besser, et wees en net ween dat war)
3. machen ech jo keng Reklam hei fir en Architekenbüro
Merci awer fir deng Umierkungen.
1. misst du dann awer wëssen ween dat war, Pit.
2. wann dat dann eng Katastrophe wär, fir wat weis du se dann hei ?
3. Ouni den Architekt, Pit, kanns du hei iwerhaapt glaat a guer neischt weisen.
1. schaffen net 'um Geriicht', firwat soll et mech interesséieren ween dat geplangt huet ? Wees och net wen dat Gebai gebaut huet, wou ech dran schaffen
2. ass bannen dran eng Katastroph, weisen ech jo hei net. Ass jo net fir naischt schon X-Mol emgebaut gin (hun missen gin)
3. Ouni Steenmetzer, Elektriker asw. hätt ech se och net kennen machen
An zu gudder Lescht:
4. Ouni meng Mam, hät ech des Foto och net kennen machen...
Mee schéint der jo awer vill drun ze leien, wen den Architekt war. Falls du den Num wees, dann deel mer en mat, dann schreiwen ech en dobai.
Gudd gekontert d'Architekten waren den Rob a Léon Krier, sou eppes huet een schnell gegoogelt. Ech fannen awer och net daas een se emmer muss nennen, schliesslech hun si secher genuch Goss mat deem Gebäi gemaach an wéis Du richteg schreiws hun nach vill aanerer matt drun geschafft.
Et muss een guer neischt, Paul-H. Et kann een awer deenen Aneren hir Arbichten respektéieren, grad esou wi d'Auteuren vun de Fotoën déi jo och net anonym wëlle sin.
Dat ass keen Dada vu mir, Paul-H,
dat ass just nëmmen Héiflichkeet a Respekt
virum auteur vum sujet vum Fotograf.
Beim Eiffeltuerm weess een den Numm.
Beim Mudam och. Mais vun der Gare vu Léck
kennen di wéinigst den Architekt.
An dat ass schued.
Da misst een awer bei villem den Numm derbäi schreiwen. Ech maachen et wann et mir duerno ass.
An et ass schon e bessen en Dada vun Dir Maimonides, Du weis oft drop hin wann den Numm vum Architekt feelt. Daat ass Däin Recht, et ass awer och deenen aaneren hirt gudd Recht wann se et aanescht gesin.