Ech denken, dass Schwaarz/Wäiss Fotografie am Allgemengen ouni Rumm net gutt funktionéiert. Net nëmmen doheem wann et sollt ophänken, mee och um Internet. Et grenzt of a lenkt de Bléck ganz gezielt just op d'Foto selwer.
Ech hu gesinn, dass dir och vill Schwaarz/Wäiss Fotoe maacht, an et wonnert mech, dass dir der selwer net benotzt. MEE, et ass selbstverständlech och oft eng Affaire de Goût wat do lo schéin, ellen, gutt oder schlecht wierkt.
Eng Rumm dei esou deck ass ewei deng ... et ass grad dei dei stark de Bleck ooflenkt... Eng Wäiss Rumm mecht d'Foto op an eng Schwarz meet se zou... Dofir bei donkel SW foto ass et wesentlech besser eng mettel denn (oder deck ) schwarz Rumm
Also et ass net dass deng Rumm mir net gefaellt mé sie steiert mech an get mir genau de Geigendeel vun deem waat du mir suggereierst ...
dei Rumm, an den Kontrast, ass grad daat wat mir gudd gefällt - flott Handschreft!
als eenzig Kritik hätt ech dass dRumm uewen an op den Saiten misst d'selwecht sinn - se ass op den Saiten ze schmuel wat zimlech schief wierkt! ass een Detail mee mengen ech net onwichteg!
Merci OK-Photography vir de positiven Kommentar an d'favoriséieren Gesäit ee ganz gären!
Mat der Handschrëft ass wuel d'Ënnerschrëft gemengt huelen ech un?
Zu dem klengen Detail, ech huele mer dat emol zu Häerz a kucke wat mir besser gefält.
(handschreft war op den uniformen Portfolio bezunn...)
allerdings: och bei denen aneren Fotoen ass dRumm schief, giff daat weigesoot verbesseren - am Photoshop den Crochet bei relativ setzen nodeems de mat ctrl-alt-c den Bord defineiert hues...daat misst klappen...)
(op deng PM hinn - an fir dass dei aner User och matliesen kenen...wann se dann Loscht hunn hihi)
Salut,
deng Fotoen sinn net kromm!!!
just den Rumm huet op den Saiten manner Pixel wei uewen an ennen - si ass mei heich wei breed. Daat kent warscheinlech duerch eng "falsch" Astellung. (steet den Unit eventuell op PROZENT? - dat féiert neemlech dozou...dei muss op PIXEL stoen, dann kriss de op all Seit dat nemlecht)
hei gesais de wat ech mengen: https://dl.dropboxusercontent.com/u/5672046/100670...
ignoreier dei Schwarz Rumm (dei ass just fir den Kontext)
dei ROUD ass eng wou op all Seit selwecht ass(100pixel an all Richtung)
dei WAISS ass deng, aktuell, Rumm...
Okay, elo verstinn ech dat Ganzt och effektiv. Ma, dass op de Säite manner wéi Uewen an Ennen ass, ass gewollt esou. D'Format ass en A4 mat der Foto am Gëllene Schnëtt drop. D'Foto huet 16x25.89cm an en A4 21x29,7. Vun dohier kennt dat.
Vir et am Fong de Bicher an eisen Virgänger no richteg ze maachen, misst ech d'Foto ganz bëssen erop drécken vir dass do e gewëssent Verhältnis entsteet an dat Gefill wat s de beschreifs, verschwënnt. Enne soll am Prinzip ëmmer bësse méi sinn, vir dass ee net mengt dass d'Foto no "ënnen hänkt".
E ganzt interessant Kapitel genau dozou fënnt een am Buch "Way beyond Monochrome" vum Ralph W. Lambrecht. Do geet et zwar em de Passepartout, d'Arummen an d'Presentéieren, mee ech denken, dass d'Presentéieren um Internet ganz vill mam realen Presentéieren ze dinn huet.
Mee dat sinn awer elo just ech, vläit ze vill traditionell? Mee wat wiere mer schonn ouni all eis Traditiounen an alles dat wat déi Leit virun eis gemaach hunn? Wee weess
Allerdings ass meng Meenung dass een am digitalen keng Rumm brauch. den Medium huet geännert, an domat allerlee Konzeptiounen. Soubaal een dFoto op Pabeier brengt ass et absolut derwärt sech mat Passepartout an Co. auserneen ze setzen an eng heigwärteg Präsentatioun ze erstellen.
Am digitalen passen fir mech dei Iddeen net - do huet een naischt am Grapp mee et kuckt een et just op engem xbeliebegen Bildschirm...
Ech muss dozou soen dass ech am Ufank mengen Fotoen och Rummen ginn hunn well dat fir mech "besser gewierkt" huet - hunn daat allerdings mat der Zait opginn, an haut kreien just nach dei Fotoen eng RUMM an een Nool an der Mauer gewidmet dei et och am RL (real life) get....
(kuerz: den Ennerscheed zwescht online-Portfolio an Print.)