Blend f8 an 35mm ass jo Typesch an der Street Fotografie, et ginn jo och genuch Kameraen déi fir Street mat 23mm festbrennwéit mat Apsc Sensoren gebaut ginn wat jo dann eigentlech 35mm ass. Den Titel Passt ganz gutt. Bei denger Ëmsetzung an iwwert een Grain oder och Schäerft kann oder well ech net méi bei esou Fotoen Diskutéieren. Aus dem Gonnt well ech mech och mat Street Fotoen habsechlech awer leider just um Pobeier beschäftegen huen. De Courage se ze maachen duerch Gesetzlech Bestëmmungen ass mir dann awer vergaangen! Street ass jo am Frankräich entstanen an schonn laang ouni schrëftlech Geneemegung vun de Leit déi s'de Fotograféierte verbueden. An Däitschland soll jo och een neit Gesetz ausgeschafft ginn wou Fotografen sech dogéint wieren. Komescherweis kanns de an China op Ëffentlechen Platzen net kompromittéierent Fotoen esouguer vun Polizisten maachen. Dat ass awer leider een Gesetz an an der Wierklechkeet gesäit dat dann erëm bestëmmt anescht aus. Ech well hei kengem Street Fotografie Muedeg maachen et soll een sech just mat de Gesetzer an dem jéineschen Land wou een Fotoen mécht vertratt maachen (och wann et éischter seelen Verklot geet, Beispiller hunn ech genuch gelies wou et schonn richteg vill Geld kacht huet.) Fotoen ze maachen! Ups lo sinn ech villäicht an een Thema eran gaangen wat Steet Fotografie sécher net Schlecht soll maache well déi eigentlech Authentesch ass eng Momentopnam déi een net méi reproduzéieren kann an explizit weist! Wann ech bei denger Foto een bëssen meckeren däerf ! Mir Perséinlech gefalen t'Schieter ganz gutt an sinn een wichtegen Deel vun der Bildgestaltung ech vermessen dann awer leider wann ech t'Schieter mat an d' Bild Beuerteelung afléissen loossen de Schied vun dengem Sujet!
Bei der Streetfotografie gét et un éischter Linn em d'Aussoo an net esou em d'Qualitéit, durfir ass daat technescht Equipement net esou relevant wéi e vleicht géing mengen !
Merci pixeleman fir däin Unhang , villäicht hunn ech mech net richteg ausgedréckt. Eigentlech beschreifs de mat dengen Wierder dat wat ech wollt vermëttelen an esou eriwwerkommen soll wéi ech et mengen een Tick besser!
ech maachen elo schon sait 2 Joer Street just zu Letzebuerg an ech hun nach net eng eenzeg negatif erfahrung gemaat...esou guer am geigendeel...eigentlech just gudder...wann een naicht verstoppt, sech erklärt wann een "erwescht" gett, an emmer frendlech bleift ans du dain geigeniwer respekteiers dann ass daat kee problem! mee wann een sech schon verhällt wei wann een eppes Verbuedenes mecht, dann brauch een sech och net zewonneren wann d'Leit messtraueg gin. Emmer laachen an oppen sin...mat der Zait léiert een och d'situatiounen zeliesen, an ett mierkt een bei weem een d'fangeren/d'Bild leiwer eweg léist! www.streetphoto.lu oder www.facebook.com/streetphotographylux
Merci Ted_Lapidus, dat wat's de hei schreifs ass gutt erklärt an konnt ech och schonn oft liesen. Ech respektéieren souguer meng Makro Motiven! Also deen néidegen Respekt ass sécherlech do! Ech muss dann jo eigentlech just nach mech selwer iwwerwannen et einfach ze Probéieren! Wat dann erëm net ganz einfach ass!!