Flott deng Idee Galileo, mee Fotoen wieken extrems Blazeg, Kontrastarm, gief hei empfehlen mam Kontrast ze spielen an eventuel Biller mei ze Satureieren....
D'Bild ass ganz aussergewéinlech a spannend!
Mee et huet een net d'Gevill, datt et Nuecht ass.
Villäicht d'Faarwtemperatur e bëssen erofsetzen ( méi blo ), d'Beliichtung och ( méi däischter ) an dann eventuell nach de Kontrast vergréisseren ... just als Iddi ...
Merci iech 2 fir Är Iddeen, ech hun d'Serie dann elo mol esou kompletéiert....
Ech mengen awer mir gefällt nach ëmmer dat méi douced, aussergewéinlecht vun der éischter Bearbechtung besser
grad wëll et nët op den éischte Bléck no Nuetsfoto ausgesäit.
Du hues Recht: Déi éischt Versioun ass méi aussergewéinlech, méi déroutant, déi zweet ass méi konventionell, méi brav ... wat ass besser? Villäicht au choix du spectateur!