Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

an d'Bild geflunn

 
All Fotoen an dëser Serie:
41388 Thumbnail
41389 Thumbnail
41390 Thumbnail
an d'Bild geflunn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.07.2014
  • Gekuckt:
    16135
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79667]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi ech da gemittlech am Gras do soutz ( 1 ) fir eng Foto vu engem Schachbriet-Päiperlek ze maachen ,
kënnt vu riets op eemol eng Harespel ( oder ass et eng Runn? ) an d'Bild geflunn,
beréiert am Fluch de Päiperlek ( 2 ),
deen sech een Zock op d'Säit diebelt an säi Kierper verbéit ( 3 ).
D'Harespel(?) ass fortgeflunn ( a net méi gesi ginn. )
De Päiperlek awer ass roueg sëtzebliwwen, a wann en net ..................


Lo hunn ech nach e puer Froen, villäicht kann ee mer hëllefen? Merci!
1) Ass et eng Harespel oder eng Runn?
2) Ass dat eng zoufälleg Renconter oder e richtegen Ugrëff?
3) Ass di Ofwierreaktioun vum Päiperlek typesch?
Charly_Ente 31.07.2014 - 16:43
Salut closed_eye
flott Biller!

Zu denger Fro:
1. Et mist eigendlech eng Harespel sin
2. Eng Harespel 'test' fierdeicht sein Opfer.. Op et nach fit ass an kukt dann wei schweier et get fier sech mat dem unzeleen.. Dobei flitt se ronderem an kukt opt Reaktioun vun senger Opfer... Wann d'Harespel eppes fennt, wou se mengt, dass se e liet Spill huet geif se ugreifen (se geheit net mei Energie fort wei neideg)
3. D'Ofwierreaktioun vun engem Tagfalter ass normalerweis dass se hier Flilleken schnell ganz opman an dass den Räuber 'Angscht' vun dem Bild wat e bannen geseit kréin soll (dofier geseit een dei mescht Faltern mat den zouenen Flilleken) an well en seng Fläch ganz seider verdreifachen kann (open Flilleken)
Am bekanntesten ass do dat Bild vum Tagpfauenauge, deen Aan bannen huet closed_eye

Hoffen konnt froen beentwaarten closed_eye
jorsch 31.07.2014 - 17:41
Villmools Merci Charly_Ente, fir deng detailléiert an fachmännesch Erklärungen!
Beim drëtte Bild huet de Päiperlek d'Flilleken och auseneen, dat hunn ech bei der säitlecher Perspektiv an der begrenzter Déifteschäerft net genau erkannt.
Demno passen d'Biller genau zu dengem Kommentar!
Charly_Ente 31.07.2014 - 22:33
gäergeschit closed_eye ween freet kritt eng entwaart
ornitho 31.07.2014 - 18:46
Interessant Charly !
Charly_Ente 31.07.2014 - 22:33
closed_eye
ornitho 31.07.2014 - 18:45
Einfach herrlech dei Biller do unzekuken, och eppes ganz neises wei ech elo Paiperlecksfotoen nach net gesin hun ! De Bloen Hannergrond ass einfach herrlech an deenen Biller !
jorsch 01.08.2014 - 09:45
Merci ornitho.
De bloen HG war schonns geplangt, déi giel Harespel awer net: Dat nennt ee Chance! smile
FraSi 31.07.2014 - 20:13
Klasse Serie, die die Reaktion des "Kleinmachens" bei einem bedrohenden Angriff des Schmetterling zeigt!
jorsch 01.08.2014 - 09:48
Danki FraSi, freut mich wenn die Serie dir gut gefällt.
Wenn ich das 3. Bild und Charly_Ente's Kommentar richtig verstehe, dann hat der Schmetterling sich zur Abwehr eher groß gemacht, indem er die Flügel kurz aufgeschlagen hat.
Wegen der Seitenansicht kann man das allerdings nicht gut erkennen.
mischii 31.07.2014 - 20:50
wonnerbar,
dat Blo vum Hannergrond huet mir et och ugedoen
jorsch 01.08.2014 - 09:49
Merci mischii, blo war geplangt, giel net. smile
Jean-Jos 31.07.2014 - 21:56
Wéi op Bestellung smile
Herrlech Georges!
jorsch 01.08.2014 - 09:50
Genau Jean-Jos, ech war just e bëssen erféiert iwwert d'Bestellung! smile
Merci fir de Kommentar!
nebu 31.07.2014 - 23:01
ganz flott wéi gewinnt
jorsch 01.08.2014 - 09:51
Merci nebu, dat freet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 630 Gäscht online