Fannen déi excellent, gefällt mer nach een Tick besser wéi di anner wéinst den waarmen Faarwen. D'Strukturen an den Steng sin immens flott erausgeschaft. Super Liicht. Fir mech top
Do kéins du Recht hun Jean-Jos, ech hun e puer där Biller zesummen.
Freet mech natierlech wann d'Bild gefällt, an dir e grousse Merci fir däi Kommentar.
Sauflott !! An interessant ze gesin wei verschidden eng Foto wirken kann je no der Zeit wei se opgeholl gouf. Zumools ech wees dass du net um Temperaturregler rapps bis se esou as wéi se iergendwéi gefällt, mee bis se sou as wéi et wirklech ausgesin huet ...
Stëmmt, awer esou ganz ouni PS geet et och net, an och ech machen minimal Upassungen, zumindest waat d'Tounwerter resp. Kontras betrëfft. ''d'PS Gespills iwwerloossen ech awer aneren, dat ass net Menges''
Merci fir däi Kommentar Paul, freet mech.
Do weess ech och direkt...eng marker Opnahm! Luucht gefält mir hei och besser. Fannen awer dass een di zwou Opnahm net esou soll kucken, an direkt madenëen vergläichen soll. Luucht ass ëmmer anescht, an di zwou huen fir mech een gewëssen Charme!
E Bild mat engem ''Erëmerkennungwärt'' also.. ...esou huet den Jean-Jos et och gesinn. Dat freet mech natierlech ze héieren, an dofir och e grousse Merci un dech, Conley.
Dat stëmmt. Wann d'Liicht passt, esou wéi hei, dann bas de engem gudde Resultat awer schons e gutt Stëck méi no.
Och dir Merci gesot fir däi Kommentar Paul-H, dat freet mech.
Deng bal abstrakt Steng-Waasser-Biller gefale mir immens gutt.
De Verglach mat derselwechter Plaz zu enger anerer Dageszäit erënnert mech un dem Monet seng impressionistesch Serien. Kéint ee jo nach fotografesch ausbauen...
Deng Appreciatioun éiert mech, ..an d'Geschicht mat enger impressionistescher Serie as jiddefalls eng Iwwerleeung wärt.
Dir ebenfalls e grousse Merci gesot jorsch, dat freet mech.