Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pastel fir d'Fréijor

 
Pastel fir d'Fréijor
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (27.04.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.04.2013
  • Gekuckt:
    19189
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    17.4 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    829x1108
  • Späicherplaz:
    374 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:27 11:18:54
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ38
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72070]
Kommentar vum Fotograf:
Dës danz delikat pink Tulpen hu mech inspiréiert fir se nach méi douce ze maachen an nëmme Pasteltéin a méngem Bild ze loossen.
Wéi fannt dir de Vignettage? Hätt ech dat sollen ewech loossen?
gi87 27.04.2013 - 14:28
Hm, kann mech schweier mat deier Weisser Vigniette hei unfreen !
luxiline 27.04.2013 - 16:50
hei ass se elo ouni. Merci fir deng éierlech Meenung!
gi87 27.04.2013 - 17:16
Fannen se Besser, flait eng Rumm ronderem Foto vir se ze Begrenzen vir net Verkeiert smile
luxiline 27.04.2013 - 17:54
ech probéieren dat aus! merci!
Maimonides 27.04.2013 - 15:25
Weis eis se mol ouni Vignette, luxiline.
Ech mengen si wär dann
nach besser.
luxiline 27.04.2013 - 16:50
hei ass se elo ouni. Et war wéinsdt denen donklen Tulpen am Hannergronn wou ech de vignettage gemaach hat. Soll ech do eppes ënnerhuelen? de Cadrage ass schwiereg, well et waren honnerten vu Blummen, e puer sinn der ëmmer geschnidden am Bild.
Maimonides 28.04.2013 - 11:22
Elo wou ee gesäit firwat d'Vignette do ass, fannen ech déi mol guer net esou schlecht. Eng aaner Méiglichkeet wär och nach viläicht d'Foto uewen an ënnen ze croopen an se am Carré ze wäisen.
luxiline 28.04.2013 - 17:25
jo, dat ass méiglech, mee ech hunn awer extra drop gehalen dass déi Tulp uewe rechts déi sou schéi symmetresch ass, ganz bleiwt.
Maimonides 28.04.2013 - 18:10
Och wann déi dann e bëssen gekätonguept misst gin, géif se trotzdem symmetrisch bleiwen.
Jeanny 27.04.2013 - 17:27
war och lo an Holland, däi Tulpepracht konnt ech um Maart bewonneren closed_eye
ganz schéin an herrlech douce Faarwen
luxiline 27.04.2013 - 21:38
Ech war um Keukenhof an och zu Aalsmeer op der grousser Blumme-Bourse, immens!
merci dir!
Conley 27.04.2013 - 18:53
Mir huet Vignette hei gefall well se di Tulpen an och ënnen Stiler an't Blieder verdeckt oder méi duz gemaach huet. An dofir eng schéin Harmonie dran war. Si ass mir just een Tick ze hell. Dat kann awer och um Bildschierm leien. Aas dann och nach a.d.g. luxiline.
luxiline 27.04.2013 - 21:37
jo, eben, a.d.g. Lo sinn déi zwou jo hei ze gesinn.
Wann ech awer lo dat mat der Rumm probéieren, verschwënd se, also waarden ech bis muer a lueden eng nei.
Merci awer fir däin interessante Kommentar!
desi 28.04.2013 - 10:08
dat fannen ech eng super super Foto smile
luxiline 28.04.2013 - 17:23
mee dat freet mech awer! Et ass fir t'éischt dass ee mir dat hei seet closed_eye
desi 28.04.2013 - 21:04
aseu
ech pubeieren och emol eseu schein fotoen ze machen bigsmile
awer och emol eseu Blumen ze vannen mer hunn nemmen giler ,rouder an weisser bigsmile
dat ass dat nekst wat ech op fotogen setzen bigsmilesmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 631 Gäscht online