Wow, do war een zur richteger Zäit op der richteger Plaz!
Deng Foto gefält mir immens gutt, well se eenzegaarteg ass: do kann een nach sou oft a sou laang op Salzburg fueren, awer ënnert der dote Form wäert een dat koum remerliewen.
Dat eenzegt, wat mech "stéiert", ass de ville Schnéi: ech géif mol probéieren ongeféier d'Halschecht vum Schnéi wechzeschneiden. Da géif nach genuch "Wäisses" bleiwen, fir d´Bild ënnen ofzeschléissen, de Schnéi wier awer manner "opdränglech".
P.S: Géif mech nach interesséieren, wou 's du do waars fir déi Foto do ze maachen: ech war Ouschteren 2012 och zu Salzburg (huet mir och immens gutt gefall), ka mir awer net sou richteg virstelle, wou däi Standuert war.