Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nach émol Daniela

 
nach émol Daniela
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.06.2006
  • Gekuckt:
    18332
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/F:11
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    181 KB
  • Originaldatum:
    10.06.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 10 D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Multiblëtz vu lënks an gëldenen reflektor vu riets.

Fir anzesetzen: [pg_img=6991]
Kommentar vum Fotograf:
Des Kéier a schwarz-wäiss emgewandelt. Waat mech vun de Kritiken hier am méschten intresséiert ass, wéi d'Groowerter eriwer kommen. Waat ech selwer un der Foto bemängelen ass, dass daat lënkst Aa vum Médchen wéinst der Perspektiv vill méi kleng wirkt.
Awer och all aaner Kritik ass wëllkomm.
JADE 13.06.2006 - 08:27
Hey, crosby! Huelen un dass de do extrem mitt bass (um 4h00!).
Oder du mess nëmmen een Witz?? An an deem Fall, sin ech riit drop eran gefall!!!!!

Also:
° Zannt ass verstoppt ?? Wann een DEEN Zannt nach géing gesinn, dann kéint een sech d'Fro stellen ob déi Joffer nët misst an Urgence eng Bréck agesaat kréien!
° daat waats du als "een Liewerfleck, resp. eng Waarzel" häls, ass een Piercing!
Zur Info, mir liewen (schon) am Joer 2006, an do beschränken sech d'Piercingen nët nëmmen op d'Oueren! (eh oui, comme le temps et la mode passent!)
° extrem Lachfalten??? Ma Gott sei Dank huet hatt der, an dass ët nach nët voll geBOTOXt ass! (ass och eng nei Mode, crosby !)
° den lénksen Ouerrang ass verstoppt?? Ech kann awer nach gutt erkennen datt ët een ass!
° zevill struwellesch Hoer?? Kennst du den Struwelpeter? Daat nennen ech struwelesch Hoer!
° 2 Hoer vum Kapp sin iwwert der Kennspetzt?? jo daat stëmmt! An?

An du sees du hues dir "KURZ Zait gehol fir dat ze checken"? War nët néidesch!
Huel dir déi Zäit fir een bësschen méi ze "schloffen", an dann "analyséiers" an gesäiss du daat den Moien matt engem ganz aaneren waakeregen Aan!! closed_eye

P.S.1 alles waats du do opziels gehéiert zu enger natiierlecher Foto, esou wéi dëss eben eng ass
P.S.2 ech mengen ët war een (gudden?) Witz! oder vill Middegkeet? oder awer eng (léif?) Provocatioun??
P.S.3 kommen zwar elo MEGA an Verspéidung op d'Aarbecht, mee egal!
P.S.4 sief mir nët béiss! closed_eye closed_eye
P.S.5 crosby, du hues awer Nerven!!! closed_eye


rhconcept 13.06.2006 - 08:35
Merci Jade, alles gesoot, war de moien ze liddereg fir dem crosby op seng kritik ze äntwerten.

Waat mir bis elo nach fehlt sin e puer ménungen waat d'grotéin an de kontrast vun der schwarz-wäiss ëmwandlung ugét.
JADE 13.06.2006 - 08:40
Jo, daat wollt ech him och nach schreiwen, datt hien schlussendlech bei der ganzer "Analyse", nët op deng Fro geäntwert hätt!

Also, am aktuellen Kontext, huet hien säin Examen eendäitlech nët gepackt!!
Noexamen, crosby! Sorry. closed_eye
Mojoo 13.06.2006 - 08:40
"P.S.3 kommen zwar elo MEGA an Verspéidung op d'Aarbecht, mee egal!"

An nach emmer net fort ??? smile)) Allé hepp maa dech léiwer smile
luxra76 13.06.2006 - 12:03
Op mengem halbwegs kalibréierten Schirm, gesäit se ganz liicht blostëcheg äus... Kann awer och eng Täuschung sin, oder eben gewollt smile Mee d'Foto gefällt, souwuel vun der Pose, Schärft (insoufern een dat am klengen beuerteelen kann) an och Liicht !
rhconcept 14.06.2006 - 00:37
sorry wolt hei mat menger foto keng pololemik äusléisen, just kritikken op positiv oder negatiav, haaptsächlich objektiv, a mam crosby senge kommentaren kann ech leider näischt ufänken. ech hu schon eng reih kritiken op dësem site kritt déi mir weidergehollef hun, fir fehler ze vermeiden oder ganz einfach op detailer opmierksmam ze gin, déi én selwer nët gesäit. et gét mir nët drëm hei just fotoen ze posten, wou s'de eng 9 vun 10 kris. waat mech ganz einfach nervt si kommentaren wou é schreiwt "daat an daat gefällt mir nët un der foto, ma am prinzip verstinn ech näischt vun dem sujet. haat hei eng konkret froo gestallt " Wéi kënnt déi foto am schwarz-wäiss eriwwer, well ech baal 30 joer analog schwarz-wäiss fotoen gemeet hun a gäre wéisst waat ech nach verbessere kéint, fir eben äus enger digitaler RGB farwfoto eng hallefwegs passabel schwarz-wäiss foto hinzekréien.
xtoph69 14.06.2006 - 01:01
salut rhconcept
also ech fannen deng schwarz/weiss emsetzung gelongen
lenks an den hoer geet e bessi struktur verluer (huelen un dass mei schirm nach gudd kalibréiert ass)
awer ech wees net op een do iwerhaapt soll méi gesinn!
d'Farw am gesicht fannen ech ganz gutt, dofir sinn aerm vleicht ze hell gin?? awer wenn d'bild elo anescht cadréiert wir faellt dat vleit manner op!
also am groussen an ganzen gelongen!
Elo géif mech nach just interesséieren wéis du et gemach hues, et gin jo 3 grondverschiden aprochen am photoshop vir dat ze machen

rhconcept 14.06.2006 - 08:04
hun 3 verschidden "action-plugins" hun probéiert waat fir én dervun daat beschtent resultat gouf, hun dun nach é bëssi kontrast an hellegkét ugepaast. Hu mer d'Méi allerdings bis elo nët gemaacht ze kukken wéi déi Action-Scripten opgebaut sin.
Merci fir däi Kommentar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 473 Gäscht online