Kënnt ganz flott eriwwer mat dene Faarwen, wann's de den Hannergrond nach neutraliséiert kréichs (do ass e bëssenOnrouh dran durech dee Pouster, deen een awer nët erkennt) , wär se super.
Du kanns jo mol probéieren d'Guitar an d'Hänn fräizestellen(denk awer och un dat lach tëscht Guitar an Arm) an e neutralen HG, deen awer stëmmeg muss sin mat der Faartemperatur... soss gesäit et künstlech aus...
A wann dat näischt gëtt, besteet nach ëmmer d'Méiglechkeet d'Foto nach emol ze machen an op den HG opzepassen. Awer och esou ass se flott.
Vill besser, däi blur bréngt mat sech, datt d'Bild stëmmeg bleiwt a näischt méi stéiert !
Du weess jo, datt's de déi heiten ganz einfach ersetzen kanns mat däerer neier?