Flott Experiment mat der Onschärft, den Effekt gesäit een awer nemmen bei den Luuchten, et gesäit aus wéi en Lensflare. Leider verléieren d'Gebeier och en wéineg un schärft. Perséinlech fannen ech dass Nuertsopnahmen mat méi zouener Blend an laanger Beliichtungszäit besser ausgesinn.
ma mier ass opgefall, dass nuetsopnahmen mat zouener blend de fierdeel hun dass d'strahle vun den luchte mei diversifieiert sin, also mei strecher an der corona. dofier fannen ech awer dass bei maximal grousser blend komescherweis onschärft and spill kennt, och wann dat onlogesch klengt.
Jo daat stemmt daat huet mat der Liichtbriechung un der Blend an der Opléisung vum Sensor ze dinn. D'Déiftenschärft höllt zou bis op een Punkt an durno gët däin Bild erem am ganzen méi onschaarf. Et gin Säiten am Internet déi sech mat deem doten Phénomeen auserneen setzen an wou's du och kannst nokucken bei waat fir enger Blend déng Kombinatioun vun Lëns an Sensor optimal zesummen schaffen.