Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Beware of the bear

 
All Fotoen an dëser Serie:
32384 Thumbnail
32385 Thumbnail
32386 Thumbnail
32387 Thumbnail
32388 Thumbnail
Beware of the bear
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2012
  • Gekuckt:
    18254
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    2012:09:14/17/22
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III / 7D
  • Objektiv:
    Canon EF 100-400mm F4,5-5,6 L
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68367]
Kommentar vum Fotograf:
Héi ass eng Serie vun Bierenfoto'en déi ech dest Joer am Canada / USA gemaach hun.

Foto'en 1 an 2 : Grizzly-Bieren déi ech an der Geigend vun Ucluelet / British Columbia - Canada gesin hun (laanscht den Strosserand). 1/2 noom éichten deen zweeten deen aus engem Séi geklomm ass.
Foto 3 : Schwaarzbier deen och laanscht den Strosserand um Icefields Parkway am Jasper national park - Alberta - Canada no Friichten gesicht huet, daat woor déi eenzeg Foto déi ech vun em gemaach kruet ier en erem am Bësch verschwonne woor.
Foto 4 : Braunbier (Mamm) mat engem vun deenen 2 Klengen (Foto 5) déi sie bei sech haat. Och déi konnt ech relativ no laanscht den Strooserand beobachten wéi sie Biiren gefriess hun. Gesin am Glacier national park am Montana - USA.

Hoffen sie gefaalen :-)
bigmama19420205 14.11.2012 - 21:30
dëi 2 ass fannen ech dëi Bëscht
wëll de Bier nach drëtonguepst closed_eye

flott an net ongefëierlechsmile
Scyv76 14.11.2012 - 22:45
Merci smile Ho déi zweet ass och mein Fav. Ech woor aawer op secherer Distanz smile
gi87 14.11.2012 - 23:14
Top Serie, sen beandrockt !
Scyv76 15.11.2012 - 11:56
Merci, merci, ... ech woor och beandrockt wéi ech d'Bieren gesin hun, daat ass wiirklech en super Moment all Kéiers gewiiecht.
Jeanny 15.11.2012 - 07:35
eng wonnerbar Serie , an däi zweet ass mäi Fav.
Scyv76 15.11.2012 - 11:57
Villmools merci Jeanny, jo déi zweet ass och mein obwuel ech den Kadrage net sou super fannen...ech woor deen Moment wou ech d'Fotoen gemaach hun sou beandrockt an och zidderech an den Hänn dass ech mir doriwwer keng Gedanken gemaach hun smile
Sirius 15.11.2012 - 08:10
Impressionant Fotoen....zumols dei 2. mat den Krallen smile

Eng kleng Fro, wei eng Zait wars du an Nordamerika? Mir hun dest Joer Enn August/Ufank September keen eenzegen Bär gesin. Anscheinend ass Periode Mai/Juni dei beschten Zait dofir
Scyv76 15.11.2012 - 11:59
Villmools merci, jo daat sin richteg Gilletten closed_eye

Hun gesin hum mech uewen an den Datumer geiirt wéini se gemaach gouffen... ma mir wooren vun Ugangs September bis den 30 September do. Jo hun mer och soen geloss dass Mai / Juni besser wiir. Also ausser deen Fotoen déi ech hei gewisen hun, hun mer aawer och soss keng gesin. Hun aawer nach Elchen an virun allem vill Réih gesin, muss déi nach roplueden.
Sirius 15.11.2012 - 20:07
Dann hass de chance smile Bei eis hun se sech alleguer verstoppt smile
Scyv76 16.11.2012 - 11:10
Mee daat gaanzt ass iergendwéi emmer e bessi eng chancensaach...kollegen vun mir wooren 2 wochen virdrun do an der geigend an et sin hinnen 3 x bieren einfach iwwert stross gelaaf, méi no kanns de se net gesin smile
Sirius 16.11.2012 - 17:39
Daat ass secher smile
Scyv76 17.11.2012 - 09:41
Mir haaten och 2 Mool Elchen gesin, mee ech hun mer aawer soen geloss dass daat zum Deel nach méi schéiwer soll sin wéi Bieren...naja wéi gesoot...et brauch een Chance : Mooooooose
Schluck 15.11.2012 - 10:38
Flott Serie Scyv76, ass schon een imressionant Déier .. sinn mer nët 100% sëcher ob ech dem weilt an fréier Natur begeinen
Scyv76 15.11.2012 - 12:06
Merci, jo ass wiirklech impressionant déi an der Natur ze gesin. Ech haat zidderech Fangeren kritt an du woor mir Kadrage, usw op eemool egaal gin smile Also bei den Foto'en 1 bis 3 soutz ech am Auto, 4 an 5 stoung ech laanscht den Strosserand mat bestemmt 30 aaner Léit. Allerdengs op secherer (get et daat ?) Distanz...waat een vun verschidden Aaneren net konnt behaapten...et ass verreckt waat vir engen Risiken verschidde Léit sech do aussetzen...dass do net méi oft eppes geschitt...
JC1967 15.11.2012 - 11:55
Ech gin mol dovunner aus dass de des Fotoen aus dem Auto eraus geknipst hues. closed_eye Dei ganz Serie gefällt mer gudd an ass schons impressionant. D'Natur ass einfach schein wei's de eis hei weiss. smile
Scyv76 15.11.2012 - 12:07
Villmools merci, jo Natur ass wiirklech fantastesch. Et ass wiirklech impressionant wéi rieseg déi Déieren sin an aawer nach immens flénk...

Also bei den Foto'en 1 bis 3 soutz ech am Auto, 4 an 5 stoung ech laanscht den Strosserand mat bestemmt 30 aaner Léit. Allerdengs op secherer (get et daat ?) Distanz...waat een vun verschidden Aaneren net konnt behaapten...et ass verreckt waat vir engen Risiken verschidde Léit sech do aussetzen...dass do net méi oft eppes geschitt...
desi 17.11.2012 - 22:31
dei 2 assssss wierklech jjjeeennniiiaaalll smile
Scyv76 18.11.2012 - 16:14
Ma villmools merci, an och merci vir den Fav smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 615 Gäscht online