tss, tsss, déi war just en halwen cm grouss
sou e klengt Déierchen huet nach nie sou en déckt Mischi gefriess
virun deene méi groussen, halen ech allerdéngs léiwer Abstand
D'Haaptsaach ass jo , dass ech weess wéi grouss se war, a wann d'Wierkung gudd ass sin ech zefridden.
Dann üben ech lo u Mécke weider, där hun ech och genuch hei ....mee domat kann ech jo kengem eng Hengerhaut verpassen
Si ass dach sou léif Zora, déi ierwescht 2 Punkten ander Mëtt sin d'Aan, drënner de Mond , dernieft 2 Bäckelcher, an e klenge Widderbuuscht huet se och nach....oder spannen ech och elo ?
kuck, mol hei Zora,
http://www.opderlay.lu/rwann.html
bei där Geschicht kriss de sou richteg Matleed mat de Spannen, an si wuessen der un d'Härz, do färt duerno och kee Kand méi eng Spann, eng richteg flott Geschicht fir déi Kleng an och di Grouss kënnen do schmunzelen
mein bouf ass vun enger Spann (wei eng et wuar wesser mer net) an den Fouss gebass gin, an wans de deem sein Fouss puer Stonnen derno gesin häss, wärs de och net mei esou iwerzeecht vun sou klengen Spannen, bestemmt interessant daat Buch
dat ass schlëmm genuch, mee wann d'Muppen an d'Kaatze bäissen, geet een och meeschtens an d"Klinik, an dat si jo fir jidereen léif Hausdéiren,
ech haale mir just d'Spannen als Hausdéiren,soulaang se net iwwert mech krauchen, déi befreien mech e bessi vun de Mécken a Mustiken
ech mengen bei s/w feelt et e bessi u Kontrast, mee wann ech deen eropsetzn , gëtt dat Wäisst einfach zevill schlecht,
éierlech gesoot ech sin och fir faarweg, wollt mol just aaner Meenungen héiren
merci Jacques