Gudd, ganz gudd fannen ech d'Mimik vun deem dräifaltege Mupp, speziell ganz lénks an an der Mëtt.
Wat mer manner gefällt:
Op Dénger Foto gesäit leider sou aus, wéi wann d'Muppekäp opgestoppt un der Mauer géifen hänken. Déi Virstellung fannen ech gräissléch a makaber, wat dozou féiert, dat mäin ugeschloënt Gemitt no engem Baldriantéi jhäizt. A leschter Zäit gëtt dat eng Gewunnécht.
Vun echtem Absinth gëtt ee blann mat der Zäit. Dat wëlls De mer dach nët wënschen, oder? Glécklecherweis gëtt déi Zort vun Absinth scho laang nët méi produzéiert.
1. get een net blann, mais blödd
2. waat hues du eng Ahnung waat een nach alles kritt
3. duerch den Thujon geiffs de bestemmt all Foto hei phantastesch fannen
4. du geiffs dein Nesquik Effekt duerch en Reeboufarwenen Farfverlaaf ersetzen an deng Fotoen geiffen mer erem besser gefaalen
5. evtl. schneits de der en Ouer eroof ... mais mein Gott.... !
*** Vum Absinth sinn am 19. Jorhonnert vill Künstler, besonnésch Moler, blöd an och blann ginn. Absinth war am Frankräich zu där Zäit am Künstlermilieu e Moudegedrénks, bis erausfond ginn ass, dat een blann ka ginn dovun. Duërno war e jorelaang verbuëden. Neierdings gëtt e neess produzéiert, mee op eng aner Art a Weis, wéi sou villes.
(Coca Cola vun haut huët och guër näischt méi mam ursprüngléchen Coca Cola ze dinn. An den 80er Joren ass d'Rezept nach eng Kéier ferm geännert ginn. Coca Cola schmaacht hautzedags vill mi séiss, mee dat ass dem Suraki sénge Muppen quietschegal, well déi hänken opgestoppt un der Mauer als Stëpsfänker a Formaldehydausdünster.)
*** Oueren erofschneiden ass banal, dat huët schon ee viru mer gemat. A där Hinsicht wëll ech keen imitéiren.
*** Du muss méch och nët "mein Gott !" nennen.
"jHi-3mM" geet mer do vollkommen duër.
hmmm, mat mengem séiere schaffen hunn ech mech dann elo erëm ugeschmiert. Hat geduecht et giff net offalen ewéi ech d'Holz, wou d'Käp drop montéiert sinn, ewechretuschéiert hat.
Enner eis, se hänken nieft dem Fernseh an der gudder Stuff un der Mauer, soo ... mëss du Hunneg an däin Téi ??
Excellent wéi de Coudy sech verstëllen kann, demdo geet bestëmmt alles duech doheem, deen huet der bestëmmt nach e puer Mimiken op Lager vir den Fall wou... Wonnerbar festgehalen