Schéin, mee:
Firwaat huët dat 2. Bild déi megabreet Rumm?
Dat wierkt nët extra elegant, an domat passt déi zweet Opnam optésch och guër nët sou richteg zu der éischter.
Merci fir de Kommentar an deng Iwwerleeungen!
Di grouss wäiss Rumm soll dem Bild Plaz a Rou ginn. Si soll domat d'Eleganz vun der einfacher Seerousebléi ënnersträichen.
Di zwou Fotoe passe just vum Sujet zesummen, si si mateneen opgeholl ginn. Ech hätt se natierlech och eenzel eropluede kënnen.
Merci chrYstal.
Normalerweis gefale mir déck Rummen och net.
Ech hunn d'Bild ouni, mat klenger a mat méi breeder Rumm ausprobéiert.
Mir perséinlech gefält dat hei am beschten: D'Bild kritt Plaz an domat Rou.
Mäi d'accord: ass adg!