D'Biller ginn mechtens besser wann's de eng anner Perspektiv wiels wéi déi wou een se och normalerweis gesäit, ët ass ëmmer méi interessant een ausegewéinlechen Bléckwenkel ze wielen. Kuck mol héi um Site sinn och immens gudd Tutorials fir zb ze schärfen ...
Et geet lo nët dremms fir besser ze sinn mais fir der ze weisen dass de aus denen flotten Motiver déi's de héi ganz oft weis méi kanns machen ... wann ech mech nët ieren hat ech der dat schons eng kéier geschriwwen
Jo dat stemmt, dei leif perspektiven, do dinn ech mech heiansdo schweier...
Jo keint an misst och aus deenen biller nach mei raushuelen, misst mech do mol nach mei dohannert setzen....
Jo dat keint gud sin dass de mer schon eng keier soueppes geschriwen hues, probeieren et och meeschtens emzesetzen, mee wei zb bei sou engem deierchen fenken ech un hektesch ze gin an zack ass den recht am gehir seien an en tirang geheit wou reicht dann no puer stonnen rem opgemach get an gekuckt get wat dann an deen tirang geluert gin ass.....an nee mein gehir fonktionneiert net nemmen an engem tirangssystem
LOL, jo dat ass oft esou, ët muss een ëmmer roueg bleiwwen, ass nët ëmmer einfach. Ech machen wann ech eppes gesinn ëmmer mol eng "Secherheetsphoto" an dann kucken ech mer d'Sach méi genau un .. klappt natirlech nët ëmmer