jo, war geschter mëtten och do, mee et war en desolant Bild vu Verwüstung, Kanner hun do mat Steng a Bengelen alles futti geschloen an d'Eltere hu séileroueg nogekuckt
Ech hun awer du missen eng Remarque maachen an ech war net dat eenzegt! an déi Kleng hun och nach frech eremgemault, traureg sou eppes
Sou ongefeier hun ech mer dat och geduecht ... d'Kanner machen alles futti an d'Elteren kucken no. Wann's de dann dech nach traus eppes ze soen ginn se dann nach domm an fresch.
Elo muss ech dann awer hei och e klenge Pefferkär bäiginn:
ech war Samschdes do, an mat mengem Bouf vun 9Joër och nach eng Kéier Sonndes moies - do hun ech mech och geiergert, datt schon verschidden Aiszappen futti waren...mee ech hun mol nët missten soën "mach näischt futti"...esou selbstverständlech war daat fir hien....mir hu gekuckt a fotograféiert...a sin dunn virun duerch de Bësch spadséiert.
An dann sin et jo wuel d'Elteren, déi een hei muss mam Ouer huelen, an nët an eischter Linn d'Kanner...oder ?
Natierlech musse mir eis Emwelt erhaalen...fir eis a fir eis Kanner ! Egal wéi topech verschiddener mengen dierfen ze sin....
Heinsdo gët een bei sou Themen emotional an dann verallgemengert een wëll dat eben einfach ass fir Argumenter ze hun ... sinn awer dann och nët ganz richteg.
Du misst haut eigentléch do gewiescht sin, oder dolanscht gefuer sin. Et ass tëscht Blummendall an der Kräitzung wou et op Krëschtnech, Konsdrëf resp. an de Mëllerdall geet.