Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kannerbléck

 
Kannerbléck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.10.2011
  • Gekuckt:
    11847
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    81 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    590x800
  • Späicherplaz:
    324 KB
  • Originaldatum:
    Juli 2011
  • Fotoapparat:
    E-520
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59885]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun mol probéiert Kannerportraiten dobaussen ze maachen,
en Domän, deen fir mech zimlech nei ass
är Kritik ass ugesoot
Metalbambi 28.10.2011 - 16:28
Klengt lo en bëssen häert, mee 't gesäit nach ze vill no einfach ofgeknipst aus. D'Beliichtung ass zwar propper gemaach, mee doduerch vill ze flaach. Looss méi Kontraster dran, Dynamik ass en ultra wichtegen Aspekt vun Fotoen. D'muss eppes dran sinn wat d'leit usprécht. Do geet en léift gesiicht leider net duer (och wann wahrscheinlech vill leit wäerten soen 'wéi léif, etc.) mee d'soll och fototeschnech eppes dran sinn.
mischii 28.10.2011 - 16:55
nee, nee ass nët ze haard, si jo an dësem Beräich Ufänger a froen Kritik, a froen dofir hei em Meenungen vu Leit di sech do besser auskennen
De Kontrast haat ech bewosst net héich geschrauwt, well ech gefaart hun d'Haut géing dann ze haard wierken
ech probéiren dann mol di nächste Kéier
merci Bob
Metalbambi 28.10.2011 - 18:18
Jo dat mat der Haut ass effektiv ëmmer en Problem, mee sou jonk wéi hat hei ass dierft et sech awer net ze vill weisen. Ass jo nach en
Babyface. smile Also mengen mat méi Kontrast eng aner Beliichtung, net lo einfach méi (Ps-)Kontrast an dëser Beliichtung. Einfach manner flaach, méi d'Konturen prononcéieren.
m-otiv 28.10.2011 - 19:56
Bei esou een Enk-Kadréierten Portraien, croppen Ech bewosst dass D'Ae waat am nosten vun mir ass op eng Intersektioun vun der 3t Régel fällt (daat ass nëmmen e Beispill, awer souguer bei Portraien, kann een "Originaal" kadréieren

Do get oft duerch d'Stier gecroppt, kriss awer vill dynamik dran...
Hei hues Du eng "ok" Passfoto closed_eye
mischii 28.10.2011 - 21:08
villmpools merci Vito, ech probéiren dann mol nei ze cadréiren
Jeanny 29.10.2011 - 06:50
den onschëllege Bléck,
esou, e ganz schéinen a natierleche Portrait Michèle,
mischii 29.10.2011 - 12:44
merci Jeanny
marker 29.10.2011 - 14:57
..hei gin secherlech d'Menungen auserneen, ...de Vito huet op seng Maneier recht, mais ech denken hien kuckt daat och e bëssen aus ''sengem Bleckwenkel'' durch d'Fotographie mat gestylten Model's wou daat ganzt Konzept muss stëmmen..
..daat hei ass fir meng Begrëffer ee ganz flotten a léiwen Kannerportrait, mais wéi gesoot,.. ..adg..!!
mischii 31.10.2011 - 20:56
merci marker,
jo Kanner sin net ëmmer liicht ze portraitéiren, an et ass zimlech schwéier se natiirlech ze kréien

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 577 Gäscht online