Jo do wa ech su bei engem weier mo kucken op mer sou e fresch geing virun d lende hoppsen. An glecklecherweis huet deen heiten no enga stonn fonnt datt e keint roueg schwamme bleiwen a sech knipse loossen.
Flott Perspektiv. (Ganz dachs gin déi Fräschendéieren do jo frontal oofbeliicht) Hei hues de d'Chance dats de am klooren Waasser de ganzen Kierper gesäis an dat gefällt mer gudd. D´Schärft läit gudd, genial ass dats de souguer nach d´Schwammhäit gudd erkenns. Goudigoud.
Géif awer wuel besser bei Déieren passen wéi bei Natur, oder?
Wisou hues de f9 agestallt? Du hues nemmen 1/200s, waat net immens séier ass. Häss kënnen d'Blend mei grouss opmaachen an doduerch dann méi kuerz beliichten, dann wär se mei schaarf gin warscheinlech.
jop stemmt. net wierklech opgepasst. kann een daaat da na änneren?
jo hätt ech kenne man mee hun mat mengem objektiv na net su ganz vill übung a sin emmer rem iwwerrascht wi kleng den deifteschärfebereich ass an hun leiwer eng mi heich geholl datt och de ganze fresch nach dra leit.