jo Michèle et war en herrlechen Dag, ech spieren et haut nach a mengem Réck
do ass se, däi wonnerbar Foto,
ech si nach net derzou komm se richteg ze kucken, et sinn awer och e puer flotter vun dengem Frënnd derbäi
jo bei eis huet e sech net geiwssen a fir mech 3 Stonnen virun der Show dohin e setzen haate mär keng Loscht... haat bessi gemotzt well ech e net gesin haat
Fir di éischt séance hun se sech bei ons och net an d'Waaser bewegt, awer 2 Stonnen drop koumen se dun allen 2, an hun och nach no der Viirstellung zesummen am Wasser gespillt, dat war eng grouss chance , well do och di meeschten Leit fort waren
merci rabbit, jo et därf een déi Petzien nët ënnerschätzen, si liewen net wéi d'Grizzlien an d'Brongbieren vu Fësch a Bieren(gemengt sind hei Moolbier ect) mee si sin ganz schaarf op Fleesch, dofir gin se och gläich erschoss wann se an engem Duerf optauchen, looss mer hoffen, dass hieren natierlechen Liewensmilieu net allze schnell eweg schmelzt; Och hier Vermehrung ass ganz lues, e Weibchen kann nêmmen all 3 Joer 1 klengen op d'Welt setzen