spillen mat der Kamera mengs de
wat Vignette ugeet ech giff se draloossen, wat mech just stéiert ass dat Lach uewen, esou hell ass, giff dat e bëssen ofdonkelen oder méi kleng maachen , ech fannen dat, dat ze vill vum Sujet oflenkt
da spillt nach e bësse weider
jo mat kamera spillen waat hues du erem geduet ?
perseinlech fannen ech dei hell daachluck ganz gudd esou wei se ass
jojo muer gin ech weider spillen merci poly
Flott dat do! Trapen ass menges, an dann och nach wann se sou flott fotograféiert sinn.
(Ech perséinlech fannen déi bloelzech Vignette net sou gutt... eng normal Vignette schon, awer net blo)
Villmols merci
mengen mier haaten schon puer mool dei diskusioun mat den faarwen an den vigneteierten ecker
Traapen an still sin faszineierend
du hues dei jo hoffentlech net och schon esou oder iwerhaapt fotografeiert.. net dass ech erem plagiat fiergeheit kreien
Ech kucken dat direkt mol no... Awer wann et sou wier dann hätt sech mäin Affekot schon bei mir gemellt. Ech hunn d'Iwwersiicht iwwert déi ganz Trapen verluer. An bei déi nei Fotoen kennt keng Geschicht méi dobäi stoen. Mir haten vun gëschter op haut eng Party zu 10 Leit iergendwou an engem Bësch an der Belge. Dat Kraaftwierk wat ech hat fotograféieren hun ass schon zënter 6 Méint zougänglech, awer ech kann just mol eng Foto hei op PG weisen ouni mir Feinden ze maachen well déi Leit PG net kennen. Méi Fotoen doriwwer bréngen ech an 2 Joer.... Iergendwéi ass et traureg dass et souwäit misst kommen. Awer ënner Kollegen, europawäit, sinn mir eis doriwwer eenz.
LOL exklusiviteit get et nach ganz selten doranner
naja hoffen mol du wars net do wou ech muer hingin well dofunner hun ech nach keng biller gesin ... waat net heescht dass de net schon do wars
Wann net... dann hal et einfach fir dech... Sou laang bleift déi Platz och sou flott wéi se muer ass, wanns du dohin kenns... Ech froen dech sécher net wou et ass well et mir duer geet deng Fotoen vun do ze gesinn... Dat ass méi schéin wéi dohin ze lafen fir dat selwecht ze maachen...
Ech hun deng blo vignette domat gemengt, mée mengen wann ech der daat lo misst schreiwen wei ech daat mengen do hun ech net genuch plaatz hei ...fir mech ze erklären...