Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

aal Buch

 
All Fotoen an dëser Serie:
15677 Thumbnail
15678 Thumbnail
15679 Thumbnail
15680 Thumbnail
aal Buch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.05.2011
  • Gekuckt:
    14142
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    08.05.2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Objektiv:
    TamronAF 18-200
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Planzen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55293]
Kommentar vum Fotograf:
Zu Befort am Bösch do steht dei 1000 Joer aal Buch
rabbit 09.05.2011 - 12:01
flott gemaach, muss och mol rëm eemol an den Möllerdall
Zora 09.05.2011 - 13:05
Ob der 2ter mengt een wären Elefantenféissclosed_eye
bigmama19420205 09.05.2011 - 13:24
gut gesin Zorabigsmile
Zora 09.05.2011 - 13:26
bigsmile
bigmama19420205 09.05.2011 - 13:26
an dei drett, gesin ech eng Schildkröt closed_eye
Zora 09.05.2011 - 13:27
Lolllsmile
AalenKnipser 09.05.2011 - 16:08
maja , flott gesinn !
bigmama19420205 09.05.2011 - 19:28
merci AalenKnipsersmile
OK-Photography 09.05.2011 - 20:50
mat flott gesin, as vum technechen Standpunkt hier kengem geholef!

et fehlt hai kloer un Bildopbau an Investitioun/Wessen an punkto FOTOGRAFIE, fannen et schued dass dir 3 iech just géigesäiteg "schéin Foto Punkt" schreift.....
AalenKnipser 10.05.2011 - 09:56
(?)
Muss dir mol d'Froo stellen virwat dat esou ass !
Mengs de nët dat dir eng Fra,
déi bal 70 Joer aal ass,
déi elo ufängt mat Fotoen maachen
an op dem PC kloor kennt ,
sollen POSITIV ënnerstetzen,
an nët arrogant sollen ferdig maachen !!
Dann weisst denen "Aalen" mol wei enn Bildopbau, Investition an Wessen an Punkto Fotografie mescht.
AalenKnipser 10.05.2011 - 09:59
.............. ausserdem sitt dir ech jo absolut net konsequent, den Big Brother huet déi Foto offensichtlich durchgeloos !
bigmama19420205 10.05.2011 - 10:27
Merci AalenKnipser closed_eye
bigmama19420205 10.05.2011 - 10:29
geschwollen schwëtzen ( eng super Hëllef unhappy )
bigmama19420205 10.05.2011 - 10:48
Si keen Techniker a well och keen gin , hu Freed um Fotografeieren , an daat wär et Black Panther,( ob daat dir passt oder net);(
OK-Photography 10.05.2011 - 18:11
Fotografie baut, wei all aner Konscht och, zum groussen Deel op Technik op. Wann een déi bis huet (waat net schwéier as, an just bedeit dass een sech ganz weineg mat hier auserneen setzen muss), kann een séier Meeschterwierker schaafen. smile

Wann ech dKommentarer hai awer richteg verstin, sin ech mer net secher op Interessi besteet sech genau op dem Punkt ze verbesseren.

(Iwwert Wieder wei arrogant, geschwollen an den BigBrother lo mol kuerzerhand eweschgekukt - well ech der Meenung sinn, an och bleiwen, dass grad een "Aalen" DAAT besser kann! smile)


PS: et guffen SECHER schon Tipps bei dFotoen derbai geschriff, dei allerdings dem eischten Androck no, nie sou richteg probeiert guffen em ze setzen.
(Och hai, guff dem Gloda sain Kommentar, mol net beäntwert!) Schued (ech widderhuelen mech....)
AalenKnipser 10.05.2011 - 20:21
.........no further comment !
Maimonides 09.05.2011 - 22:01
Setz eis mol d Exif-Daten erop, mama.
OK-Photography 09.05.2011 - 23:18
(wier een Ufank jop closed_eye )
bigmama19420205 10.05.2011 - 10:30
an der Serie , ??????
Maimonides 10.05.2011 - 20:45
mama,
du kenn's jo déi Jonk. Wann se net esou wieren wei se sinn, da wieren se well méi al. Ech sinn awer iwwerzeegt dass se gären géifen hëllefen. Fir awer kennen ze hëllefen, muss een mindestens e puer Donnéeën iwwert eng Foto hunn. Duerfir hunn ech no den Exif-Daten gefrot. So eis mol einfach déi Daten vun där 5. Foto. Mir wäerten dann eng Diskussioun mat manner "Passioun" kréien. De "big brother" huet deng Fotoen eropgesat well deen weess dass déi Diskussiounen ausléise wäert an hofft dass déi nëtzlech fir jiddereen ausgoën misst.
Dat Allerwichtegst bleift awer: looss dir d'Freed um Fotoe maachen net huelen och wann heiansdo gebaupst gëtt.
closed_eye
bigmama19420205 10.05.2011 - 22:45
Du bass fair Maimonides dofir dann lo och Daten :1/100s 1/8.0
ISO 800
brennweit 35mm - Äquivalent:48mm

ma lo kee Gebaups mei, mei Gott seu wichtig ass daat guer net
ass just nëmmen eng Foto!!
ODER??
hun dei Jonk gären , respektlos deet wei!
bigmama19420205 10.05.2011 - 16:51
wei soll daat goen an der Serie, kanns de mir daat soen ,??
OK-Photography 10.05.2011 - 18:02
An dem een en Kommentar schreift wou een se ganz einfach fir all Foto uget. As net komplizeiert smile
gloda 09.05.2011 - 19:10
Ech erkenne leider guer näischt op der leschter. Probéier mam Bildopbau den Sujet vum Hannergrond ze trennen.
OK-Photography 09.05.2011 - 20:48
dito! :/
rabbit 10.05.2011 - 14:23
wat ass dann hei lass ???

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 543 Gäscht online