Kommentar vum Fotograf:
D'Schnéikläckelchen, Galanthus, ass eng Fréijoersblumm aus der Famill vun den Amaryllisplanzen, déi an Europa an a Westasien doheem ass. Et gëtt nonzéng Zorte vu Schnéikläckelcher. Et si Planzen déi net kriddleg sinn, a si ginn am beschten am Hallefschied, op frësche gutt drainéierte Biedem, déi am Summer net ze dréche ginn.
Déi bekanntsten Zort a Mëttel- a Westeuropa ass déi Kleng Schnéikläckelchen, Galanthus nivalis déi ee vun de Pyrenäen bis an d'Ukrain fënnt, mat hirem Ofleeër Galantus nivalis flore pleno mat duebele Bléien.