Ech hunn de Link grad nach eng Kéier mat dem Original portugiseschem Lidd getosch. Dat misst du villäicht kennen. Ech verstinn zwar och net vill, awer ech kennen den Sënn vum Lidd.
(Deux valises en carton sur la terre de France
Un Portugais vient de quitter son Portugal
Comme tant d'autres il est venu tenter sa chance
Le Portugais qui a quitté son Portugal...) *sniff*
Kartong (Schreibvariante Kartung) ist eine Ortschaft im westafrikanischen Staat Gambia.
Ech gleewen jo wuell kaum dass dei vun do importeiert hues
Edit: Pardon falls de sollt mengen ech willt den Geck maan, well mier fällt just eng saach an vier daat ze verstoen, an daat wier, dass den Velo an d Valisse nik escht sin, ma Aus Kartrong, an dono gesait et nik aus
Am Gambia war mein Auto geland dén ech geklaut kruut...
Also oke fir d0'Schreiweis, mé beid sinn echt , an waren am Schapp vun engem Theatre ze gesinn ...
dat hat ech mol direkt am Kapp wéi ech di do gesinn hunn.
Duerno:
"migration",
"eleng",
" plënneren ",
"Aarbecht sichen",
"op der Rull", a gelungenerweis:
"e feine Kärel".
Villäicht well seng Saachen esou propper an der Rei sinn.
Merci Charel, dei eng soen et waeren Portugiesen , dei aaner soen et waren d'Italiener , Polen , Russen asw asw ... mé ech soen et ass d'Zukunft vun den Araber
"Portugisen, Italiener, Polen"
an esou guer "Russen"
kommen, orthodox (!),
aus där nämmlechter Kultur,
villäicht.
Do wou d'Spuenier haut sinn,
ass deemools net vun hinnen
d' Alhambra gebaut ginn.
Grenada.
Charel all Immigratioun ass met Unverstaendlechkét gebonnen , Intolleranz an Syndrome de Déracinement ... eng Psychose.
Jidderen weilt d'Alhambra dohém bauen ... mé hunn mir nach Plaatz fir en flotten Gebai oder soss eppes an eisen Laenner?
Wann d'Immigratioun en Thema ass, Gennaro,
dann ass awer och d'Emigratioun en Thema.
Et ass nach guer net esou laang hier
(zur Zäit vu mengem Grousspapp senge Bridder)
dass ganz vill Leit aus Lëtzebuerg "ausgewandert" sinn
well se, doheem, näischt ze räissen an ze bäissen haten.
Ohh daat wés ech Charel... kennen meng Geschicht, ech geif soen dass ech dem Letzbuerger Geschicht besser kennen ewei die vun hinnen. Repsekt virun denen Lait ...
Kén wés am Fong dass mir (dir) mei arm waren ewei Kierchen Mais, an daat nach gue net esou lang hier.
Do wou mir liewen, Gennaro,
mir alleguer, hei heem,
dat ass, am Fong geholl,
just eng "terre de passage".
An awer si mir frou
wann e Krokus
sech an eiser Wiss weist.
Ech sinn mat dir d accord, wei keint een daat net? Zafferano, an sengem gaard, jo firwaat net.
Wien well awer sein reichtum deelen, ronderem dem jrokus get awer nach en droot gemeet malgres schengen.
Waat fir regelen? Dei oekonomesch? Dei moralesch? Dei spirituell? Jesus , buddha, mohammed asw soen dass dei regel d naechsteliebe wier... Me daat och ass schrecklech komplex ( komplex well et eben necht ze vrrstoen ass)
Dei sinn pragmatesch an intelkektualiseiren iert liewen net. Dofir sinn mir oft mei, vill mei , domm ewei seechomessen.
De jesus leiert ais spieren an net denken. Wann mir mei geifen spieten ausserhalb vun aisem ego dann keinten mir schaffen an raschten an haiser bauen wou jidderen dran geif passen, ewei d seechomessen. Daat ass awer net de fall, an de marx, hegel an och de gramsci hunn messsoot.
flott.... kanns du mir weg den velo siichen goen :o)
ann ech wees genau waats du mengs... mengen ech sin och aal genuch fir ze wessen waats du mengs ann waat et bedeit
E klenge Portrait ...
De Portrait soll d'Gefiller ausdrecken vum Mënsch dén sech knippsen leisst, hien blouss stellen vis à vis vun sech selwer, hai ass et eng bloussstellung vis à vis vun der Zukunft
Genau... et get neischt fir d'Geschicht vun der Immigratioun gemét ... altzäiten net Offiziell.
Wéste, D'Biren, D'Yugoen an D'Polen hunn dest Land reisch gemét , an d'Letzebuerger dobai geholleff. Haut get d'Land weiderentweckelt op der Bunn dei vun déenen eischten Immigreierten gebaut ginn ass. Et ass einfach op flotten glaten Stroossen sech weider ze bewegen. Mé daat brauchen mir och ... anscheinend.
Waat kascht ais awer aisen Wuelstand?
1- Erausfueren mamm Auto --- na well én Tabu
2- Sechr duerch d'Stroossen trëpelen ... én Tabu
3- Suen hunn fir en Haus... én groussen Tabu
4- Sozial Wunnflaechen sinn mei Daier ewei an Frankreich sech é Schlass ze kaafen...
Also ech kenn dir soen dass ech besser geliewt hunn wou mir all mei Aarm waren... ouni elo hypokritesch dei Zait virzezeien ...
Awer alles ze bedenken ...
d'zaiten aenneren sech .. waat freier wichteg war .. ze iessen an d'famill ass haut aanescht .. waat mer mei hun, waat mer mei wellen an neid kennt op an alles ass beis, an dei aaner sin schold wan mer net zu deem kommen waat mer denken waat eis geif zoustoen ..... an schon ass en feindbild enstaanen .. an en naehrbuedem fier groessenwahn ...
fier en tabu ze sin do sin d'letzebuerger gaanz staark dran .. so naischt waat en aaneren keint verwirren oder esouguer waakresch maachen well et mecht dech zu deenen hierem feind
awer en interessanten gedankengang an verbindung mat denger foto ... très subtile monsieur