Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Irène

 
Irène
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.04.2006
  • Gekuckt:
    17768
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/180
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    63 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    178 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:10 19:39:50
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 10D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Multiblëtz vu lënks, riets e gëldenen Reflekor, Ventilator.

Fir anzesetzen: [pg_img=5261]
Kommentar vum Fotograf:
Hun an den Hoer am Studio bäi wäissem Hannergrond e liichten Gringstëch (gesäit én an den Hoerspëtzen obschon suuel Hannergrond wéi d'Médchen mat Studioblëtz beliicht sin an näischt Gringes am Räum ass waat kéint reflektéieren. Hu just hannert der Kamera déi aaner Säit vum Räum en Halogenstrahler den de Räun indirekt beliicht. kann daat d'ursach sin?
rhconcept 17.04.2006 - 23:45
gesijn lo hei och nach 3 Flecken am Hannergrond, déi ware mir am Fotoshop nët opgefall.
MarcGerard 18.04.2006 - 01:33

bei enger 180stel kann ech mer net firstellen dass dat 't ursach as. ech ka mer et amfong net erklären ausser du hues déng hannergrondluucht(en) net an der selwechteg temperatur wéi déng hazyen! (méi al blëtzer???)

also ass fläit elo eng domm bemierkung, mee mach de strahler einfach emol aus smile
rhconcept 18.04.2006 - 13:05
Fir den Hannergrond hun ech effektiv 2 aal Metz Stawblëtzer mat enger Softbox vum Brenner, et ass gudd méigelich dass d'Farwtemperatur vun denen am Multiblëtz nët identisch ass, ech hun zwar gement am RAW misst ëch daat an de Grëff kréien.
Versichen déi nächste Kéier mol d'Räumbeliichtung wärden dem Äusléisen komplett oofzeschalten, obwuel daat nët ganz prakesch ass well ech dann d'Pose nët méi kontrolléiere kann a vill Modelen zimlech wibbeleg sin :o)
MarcGerard 18.04.2006 - 13:19

de RAW ass genial, mee eng temperatursdifferenz bleif déi selwecht. du kanns him net einfach soen dass en 't hannergrondblëtzer soll méi waarm man. an wat 't models ugeet: geet déng astellluucht net duer?
Paulinus 18.04.2006 - 11:56
Dee Grengstëch hues du just am Kantenberäich, gesin ech dat richteg?
Dat as ee Problem, den "nei" as mat der Digitalfotografie an duerch de jpg Format. Am RAW dierft et net virkommen.
rhconcept 18.04.2006 - 13:01
Ech hun d'Fotoen awer am RAW gemeet, haat och de Gringstëch plaatzeweis um Hannergrond well meng Hannergrond-Blëtzer nët grouss genug sin fir daat ganzt optimal äuszeliichten, et kéint sin, dass den Halogenstrahler dern de Räum indirekt beliicht oder
d'Basis-Luucht déi am Blëtz integréiert ass daat bewirkt, obwuel déi relativ schwaach ass. Um Hannergrond ass et ké Problem daat wegzekréien, ma ech hun de Problem haaptsächlech am Randberäich vun den Hoer, do wou énzel Strähnen sech vum Hannergrond oofhiewen an d'Hoer nët sou dicht ass. Versichen déi nächste Kéier mat enger Dunkelkammer-Minuterie d'extren Liichtquellen beim Moment vun der Foto äuszeschalten (d'Luucht iwert d'Minuterie op e puer Sekonnen stellen, während där Zäit kadréieren, scharfstellen a mam Äusléisen warden bis d'Minuterie d'Luucht oofschalt).

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 391 Gäscht online