nun hal awer op Zora , déi méechte Kricher, sinn dach ëmmer vun de Fraen ugestiwwelt gin. D'Manner hunn sech nëmmen géigesäiteg Broschthoer ausgerappt, déi si guer net esou schlecht ..... ouni hier Fraen
Wann ech di Hand do gesinn, Ed,
dann ass dat keng jonk Fra.
Dass si sech an deem (!) Alter
mat Technik ofgëtt, wonnert mech méi
wéi dee Fait dass si e Schleier unhuet.
d' Inka si schon ënnergaangen, u wat war dat ?
... Bauen konnten se mol, a Konscht war och ze gesinn,
war et well se esou tolerant oder ze vill Liberal waren ?
... mmm ... se gin enner
graat aus dem orient kann een vill leieren, mier hun t'mathé, phisik an vill aaner sachen vun hinnen geleiert, just sin sie irgendwann stoen bliwen ...
Un beides ... Waat ass d'tolleranz? An waat ass Liberté?
Tolleranz ... ass wann én mol net de Bedarf huet dem aneren ze soen dass hien net tollerant ass
Liberté ass én nemmen an sech selwer
An wann 500000 esou lait zu letzebuerg liewen dann ass Letzbuerg eng Interessant Gesellschaft , wou Kultur, an DFreihét herrscht...
Eng Utopie...
ED: Guddhét ass é Steck vun der Dommhét. De Problem ass dass D'Guddhét ennert der Schlauhét enner gét... well de Gudden net mierkt dass hien e schlauen do virun sech huet.
Den Ego- zentrismus an ismus ass iwerall ausser bei den Inkaen an Maya. Stell dir vir mir wieren all ewei de Jesus ais weilt... ?
D'Religioun ass ewei den Diplom fir vill Lait ... Ech sinn .... en Ingenieur en Dokter , ech sinn e gudden an ech sinn och Chrescht an Hindu , Moslem an Copt ... an wann mir all geifen soen ... Loosst ais an rou?
et as am fong ganz einfach,
mir as et egal op een weiss oder schwarz as, kapduch well droen, oder keen schwein well iessen, op en un jesus gleeft oder und den $ oder nemmen un sech denkt, et soll just jiddereen frei sin daat ze machen waat en well, ouni en aaneren dommader ze schiedegen, auszenotzen oder sech en fierdeel op aaneren hier käschten machen.
De porbleem as an mengen aan just, dat duerch t'institutiounen vun all eisen religiounen, genau dei fehler do an all religioun erankomm sin. kuckt einfach nemmen eis kierch, da gesait een waat ech mengen .
genau esou Marco, wat wär alles esou einfach wann d'Reliounen sech net d'Rechter op alles giffe zouspriechen wellen, oder jiddereen sech e bëssen méi ëm sech selwer giff bekëmmeren. Wann et ëm de Misère an de Welt geet, kucke mer jo och net ganz wéit iwwert d' Grenzen ewech, an halen eis dann komescherweis am Gaart hannert dem Haus op
Fir d'alleréischt, Ed,
misst, dringend, d'Kiirch vum Staat getrennt ginn.
Jiddereen huet selbstverständlech dat Recht un dat ze gleewen wat e wëllt, mais et kann net sinn dass dann déi di net gleewen, wat jo och deenen hiert gutt Recht ass, fir déi aner mussen bezuelen.
Fir e Chrëscht, zb, misst dëst eng Selbstverständlechkeet sinn.
Et geet net dat eis Ministesch eisen moslemeschen Kanner zwee zousätzlech Dech fir deenen hire nationalen Feierdag an der Schoul fräi gëtt . All déi Aner déi net gefaart ginn, ech denken un d'Italiener d'Portugisen an an an, sinn also erëm d'Bellesen, d' Jugoslawen wäerten hiren Daach awer d'nächst Joer kréien
Ech sinn derfir dat déi déi vun deenen Deeg profitéieren, missten Chrëschtdag an all d'Mariendeech als Kompensatioun dann missten an d'Schoul goen *gg* . An och anerersäits déi déi aus der Krich ausgetruede sinn , missten och déi Kierchlech Féierdeg schaffe goen.
Fir d'éischt mol trennen, richteg. Dat ass jo och näischt Neies: di franséisch Revolutioun huet dat jo och an d'Wee geleet.
Ech war an der Cité Universitaire zu Heverlee (Leuven/Louvain) an do huet en Deel vun de moslemeschen Studenten hire Ramadan (während der Examenszäit !) gehal, an si sinn awer eens (an och net gestéiert) ginn.
ech sin och de leschten den eppes géint deenen Léit hire Ramadan huet, ... awer nëmmen dann, wann ech selver elo net gezwonge ginn mat Kompass an Teppech op d'Aarbecht ze goen.
ok komm mer waarden emol op d'Revolutioun
Hu mir nët och öfters e Schleier virun den Aan wa mir e Schleier gesin?
ech mengen nët , dass hir Relioun hinne verbidd hir Kanner oder Enkelkanner ze filmen, si hun sech integréiert a kruten och hire Schleier hei nach nët verbueden
Huel dat lo nët perséinlech Edy, well dat Bild huet eng staark Ausso wou een mol nodenke kann
"Wann ech di Hand do gesinn, Ed,
dann ass dat keng jonk Fra.
Dass si sech an deem (!) Alter
mat Technik ofgëtt, wonnert mech méi
wéi dee Fait dass si e Schleier unhuet.
merci deeër Zwee Michèle an Gennaro ech wousst dat dat dote kennt, huet jo missen Ech hun e gudde Frënn déen schon öfters am Iran war, an kréien ëmmer erëm bestätegt, .. an ech hu ni dorunner gezweiwelt, dat déi Léit do stënknormal (ewéi mer och? ) sinn. An d' Méedecher geheien, doheem ukomm, hier Tunique och mol an den Eck a lafen esouguer dann a Minni (dohém) erëm.
merci !!