Deng Serie ass e bëssi Doku. Ech denken du kéins nach méi draus maachen wann's du d'Nik Filteren op der Säit gierfs loossen. Mam Photoshop kann een ouni déi ganz Filteren an Actions wonnerbar Saachen zauberen. Soubal wéi een sech ze vill ugewinnt mat deenen fäerdegen Filteren ze schaffen, dann mécht een Fotoen vun der Staang, sou wéi d'Kleeder bei C&A. Grad wann een ufänkt Fotoen ze maachen sollt een net an déi Fal geroden an ze vill mat kommerziellen Filteren schaffen. D'Bildkompositioun an vill aner Saachen maachen eng Foto vill méi interessant wéi een Filter vun Nik. Mat den Grondlagen vun der Fotografie an Grafikdesign ze schaffen bréngt dir vill méi wéi all Filter. Deng Fotoen gin awer emmer besser. Wéider sou... villäicht mat manner Nik an méi Ideeën fir d'Bildkompo.
Gin der rescht, hun awer 3 bis 4 mol ugefaange mat veraarbechten, bis se mer gefall hun, net ze flaach, an net iwwermapped ausgesinn hun, an ech wollt keen mat Biller langweien dei do schon honnert mol gemeet gi sin, dat sin der lo mol dräi dei ech esou nach net hei gesin hun, wat net heescht datt et se gett. Dei aaner wou ech hun muss ech nach bastelen asw, kucken wann se mer gefahlen lueden ech der nach erop.
Probéier villäicht d'nächst Kéier méi mam Sujet ze schaffen. ...net grad an der Mëtt (wéi d'Dier oder den Kompass). Oder och aus aneren Perspektiven. Mat den Knéien um Buedem aus der "Mausperspektiv" oder och mat Weitwenkelverzerrungen. Villäicht och mat den Linnen schaffen. Dann wierken se direkt méi interessant. Dat ass wat d'Architekturfotografie ausmécht. An dat heiten ass jo Architektur.
Uh la nagarjuna... Dy bass jo baal gerad esou gudd am schwaetzen ewei een den ech kennen. Me den huet dat och gemeet. An du. ? Hun dei net gaeren dei schwaetzen an neischt weisen. Et kennt mir esou fir wann en zinema kritik babbelt. Me dat wat du do sees ass mei ewei richtech. Nik mat ganz vill parcimonie... Action an filteren sollen zait wannen doen me net eng foto C&A aenlech ausgesinn!
Huii, dat heescht du fenns se mettelmeisseg bis schlecht?!
Mee du gesäis jo awer bei ville Biller vun mär dass ech bei wäitem net ausschliesslech mat nik schaffen.
Merci fir de comment
Ne ech hunn denm nagar seng kritik ganz ganz gudd fond. Opschons hien neischt konkretes weist schengt de bouw vill vun foto ze verstoen. Dat wat hien do seet ass gold waert! Weilt gaere gesinn wat hien esou drop huet. Deng foto ass an der tonaliteit vill besser. Du miss mat der kompo schaffen. Fir dir e beispill ze ginn , gei op luxurbex.lu kucken (sinn mir elo net secher op de . Lu richtech ass. Oder google jean claude berens.
D filteten , ganz douce gebrauchen. Et ass eng sach vun gefill, et brauch en zait fir dat ze leieren.
Ech hu seng Kritik och gudd fonnt, meng fro war op meng fotoen bezunn .
Jop Kennen dem här Berens seng Säit, hun och scho vill op aaneren Urbex Sites gekuckt, an all Kritik, op positiv oder negativ probeieren ech ze verstoen an emzesetzen.
Merci fir d'hellef an d'comments guys.
Dei Fotoen "arlant" ze machen ass eng schwier Arbecht... Ech hunn et net hin kritt also net mat der CT.
Et ass guer net einfach .... Architektur Fotografie ass eng Art fir seh...
Dem Xaph32 seng Gallerie ass och S.. gudd
ey, merci gennaro
fir mëch den comments vun denen aaneren nach unzeschléissen: d'bildcompositioun ass alles, am photoshop schaffen ech perséinlëch matt extrem villen layeren an masken, heescht stonnenlaang arbëcht fir ee bild
konsequenz: ech maachen sur place vill manner fotoen me déi déi ech maan, sin normalerweis iwwerluecht...
Thanks for the comment, ok ass an der rei, mee kuck vläit mol nach aaner fotoen vun mär, da gesäis de dass ech bei wäitem net alles iwwermeisseg veraarbechten
Ech hunn dach schon eng Foto gewisen. Awer ech bezeechnen mech net als gudden Fotograf. Ech hunn nach net vill Fotoen gemeet déi "weisenswäert" sinn. Iergendwann trauen ech mech awer. Ech hunn schon vill immens gutt Kommentaren vum JADE gesinn, awer hat huet och nach net vill gewisen.
gtaddei1, ech weess vun weem's du schwätz. Awer zënter deen mat deenen Filteren experimentéiert huet sinn seng Fotoen an mengen Ae méi schlecht ginn. An ech mengen, hien weess et selwer. Kuck dem suraki säin Thread am Forum eng Kéier (schaffen mat Ebenen) http://www.photogen.lu/forum/thread.php?postid=227.... Do gëtt richteg gutt mam Photoshop geschafft ouni iergendeen fäerdegen Filter ze benotzen. An dat ass och ganz schnell gaangen. Et geet just drëms den Photoshop ze beherrschen.
ech fannen deng Biller net null, ech fannen Sie
awer och net super, mech steiert däi zentrale Opbau bei Motiver wo perspektivesch sécher méi dra gewiescht wier, beim nr 2 fehlt m.M.n. ee "context environemental" dem d'Bousolle (oder wat es och ass) situéiert, beim nr3 gesinn ech ze vill eidelen avant-plan. Ech war awer och an denger Galerie luesen an do sinn interessant Saachen ze gesinn, Mais denk drun "Le génie représente un pour cent d'inspiration et quatre-vingt-dix-neuf pour cent de transpiration" Fazit = viru schaffe, vill schaffe a däi eegene Wee fannen
Oh dat huet én Granz groussen gesot! vun der SW Fotographie...
Me én aneren sot och ...
Imagine toi la scène comme une grande toile blanche et met dessus tous tes phantasmes
... D'Grond régelen vun der Fotographie ginn respekteiert well eben jidderen muss verstoen wat du wells weisen an dan kennt d' Kreativiteit.
Also ech gleewen der vill, an probeieren vill vun denger Kritik emzesetzen, mee di Saach mat Photoshop beherrschen haalen ech fir e Gerücht , do hun ech schon vun Leit heieren dei op Iwwert 100 Layeren Biller am Photoshop Molen, an Pinselen selwer "bastelen", dass et wahrscheinlech keen op der Welt gett deen Photoshop beherrscht . Probeieren awer mol mech do eranzeschaffen, oder am Grousse ganzen rem Vill manner ze veraarbechten
Fotoshop ass eppes ewei mat de Buchstaven én Text ze schreiwen... do kann Shit dobai enstoen an grouss Litertur ...
D'Meiglechkéten sinn esou ze soen onendlech
Dann ass d'Foto an sech... Dei eng Kontrasteieren dei aner flouteieren ... dei eng Satureieren dei aner Desatureiren...
Am Ufang mecht én engem aneren no an dann well én sech selwer ginn an bleiwen ...
Photoshop as é moyen ... an d'Haerz ass le soufle de vie dei eng Foto kritt.
Et haengt dofunnenof wat é well .
Ech megen dass hai wou én nés e bessi Anarchist muss gin... D'Freihét erengeren fir geint D'Regelen ze sinn ... Me bis dei Freihét do ass muss én én schons é komplizeierten Wé trëpelen
Et gëtt keen den alles vum Photoshop beherrscht. Awer et ginn der ganz vill déi hiren eegenen Workflow beim Photoshop beherrschen an sech domat wonnerbar ausdrécken kennen. Hei op PG ginn et der souguer zimlech vill. Mat "beherrschen" hunn ech selbstverständlech net gemengt, dass een all Facetten vum Photoshop beherrschen sollt. Ech mengen och dass keen dat kann.