"Wichteg" ass et net, Ed,
dat stemmt.
Mais schein,
interessant a flott,
waer et schonn,
...fir den Horizont opzehaalen:
e geschreipstene Panorama
mat deem richtege Kontrast
vun enger vue
(d esprit et de grand coeur)
dei emmer nach derwert
war an ass
gewisen ze gin.
Oder, esou eng wei des: den aale Mann an d'Stadt
merci Jeanny,
opgehalen hunn ech nach net, ech weisen meng Biller nach ëmmer,
loosse mer se awer net méi vu Léit refuséieren, déi mengen se kéinten
oder hätten schonns eppes an der Fotografie geléecht ...
waat soll ech schreiwen Edy,
wei soot den Krishnamurti,
Vergleichen führt zu Enttäuschungen
und ermutigt nur den Neid,
den man als Wettbewerb bezeichnet.
"Verglaichen feiert och zu Iwerraschungen,
a stimuleiert dei eegen Kreativiteit
dei een, vilaicht, nach net genuch entdeckt huet."
(Maimonides)
Mais:
wees dat och den Arbiter ?
Et ass naemlech net un him
vir ee Verglach ze verbidden.
Deem seng Aufgab ass et
fir ze kucken dass Regelen agehaal gin.
Neen Edy sou hunn ech et net gemengt, ech hunn et emgedreiet gemengt, deng Fotoe sinn wonnerschein et war nach keng derbai, dei mir net gefall huet, daat weess der jo.
Ech hunn dei Liewensweisheit op dei bezunn dei se zenseieren, dei deng Foto revuseiert huet.
Entschelleg Edy.
(mmm... dach Jeanny, ech schreiwen elo awer wat ech denken *g*)
nee Jeanny, bei mer trefft dat net zou, Näid an Enttäuschung iwwer Biller ? ? wat ass dat dann ?, an als Konkur hun ech dat heiten ni gesinn ;) d'Fotoen am grousse Ganzen , hei sinn esou Villfälteg , dat et bal net méiglech ass fir ze vergläichen, an dat ass och gutt esou.
(Ech wées och, dat dat net esou vun Dir geduecht war ;)
Wann ech awer probéieren, déi eng oder aner Foto, déi op den éischte Bléck banal erschéngt, méi genau ënnert d' Lupp ze huelen, ewéi z.b. elo en Bild vun eisem "Arbiter",
Et ass keen Schachbriet
(sorry Charel elo gëtt déi Bild hei mëssbraucht)
an Dat, dann mat mengen, och refuséierten! Biller vergläichen, wëll ech ausdrécklech betounen, dat ech doriwwer net néideg an och net enttäuscht sinn ! éichter vläicht verwonnert ? Ech fannen dat dat Bild, och wa Léit et genial fannen ? .... mengem "gou" nëtt entsprécht.
Ob et ënnert dem Duerchschnëtt vum Auteur senge Biller leit, ass net u mir ze jugéieren, an ech sin och frou doriwwer. Mee d'Hand op d'Häerz , kann ech behaapten dat dat Bild net gutt ass ?? nee, eben nët, .... et huet seng Daseinsberechtegung an et soll och hei gewisen ginn , och wann et fir mech selwer absolut net interessant ass.
E Bild dat wéinstens d' Grondbedingunegen erfëllt, dat heescht: d'Belichtung as gutt, d'Schärft klappt, den Opbau as ok, wann et einfach virweisbar as, ... muss hei acceptéiert gin !
An ..... op et dann banal as, kann och kéen Johnyarbiter hei behapten !!
Ech hu jo ennert sengem Bild do Uewen e bëssen provokativ ( hehe ) geschriwwen , ..... --> "du kanns et besser "
d'Äntfert muss de selwer kucke goen Jeanny , se as guer net emol esou schlecht a falsch, .... alleng schon well hien (eisem Arbiter), se ennert säin eegent Bild geschriwwen huet ..... a net vir jiddereen ziele léist !!
ganz kuerz nach emol, vir mech war dat hei ni e Wettbewerb, a neidesch war ech och ni iwwer keen hei ,
... net iwwert dem Shanti seng super Biller, dem Gloda seng perfekt Fotoen, deng immens schéin Makroen, net iwwert dem Charel seng villfälteg herrlech an ëmmer schei ze kucken Fotoen a Geschichten, dem shino seng immens Streetgeschichten ..... an an an sorry ech kann se net all opzielen
" E Bild dat weinstens d Grondbedingungen erfellt (...) muss hei accepteiert gin".
Dat ennerschreiwen ech dir direkt.
Ausserdem ass de but vu PG jo (och) dass een eppes baileiere soll, duurch Diskussiounen iwert seng Foto. Dat geet awer nemmen wann se eropgeluede get (well se trotzdem d Grondbedingungen erfellt).
esoulaang sech heirunner neicht ännert, an weider eng
Zwouklassegesellschaft !! hei bestoen bleift ,
(... ewou déi eng ouni mussen freizeschalten, kennen alles an egalwat eroflueden, an mer Bëllessen fir all Topeschkéet ... wann den Titel dem "Arbiter" net gefällt, eis Biller refuséiert kreien)