Also am Furweschen ... keng Problemer ... e bessi manner scharf mé bon dat leisst én durch goen ... Fir street, eng kleng Spillsach dei dir e puer Problemer eviteiren , mé soss natiirlesch neischt geint meng gudd schwieer SpigelReflexer
lo wés ech et , ... dovir krit hien déi vill negativ Kommentaren,
bei esou engem trauregen Avatar kann é jo neicht lëschteges schreiwen
fir 1600 mat cropp as dat Bild hei awer ok , oder ? Et as awer e schlecht Beispill fir en Apparat ze jugéieren, do kris de mat dengem aneren neien Superdinks do, esouguer Problemer
mé d'Bild u sech gefällt mer gut , hun esou eppes gären
ewei du sés Ed... an matt 3200 ISO ass awer nach net schlecht... Also ech fangen un an dei 2t phase ze kommen ... den Enthousiast initila get geschwen respekt...
Mol oofwarden,,, ech wëll och aus der Hefft shooten
tssst flott Been sin ëmmer unzéiend, et ass nët daat et ass d'Spannung, hätt ee mir am Lycée dëst Bild als Dissertatioun gin, hätt ech och vlaicht mol keng Datz kritt, hei kënnt e méi schreiwen wéi aus deenen dommen Themen déi mer ëmmer haaten, hei kann ee mol einfach Imaginatioun spille loossen
Flott zereck-kommenteiert...
Themen am Lycée... o freck dat ass schon lang hier .
Ech hat Bicher ze kommenteieren ... awer mein opnahm Examen am Lycée dé wés ech nach (ech hat 12 Joer) ... Klein aber oho... Du war ech total dohém.
Elo mat der Foto: Ech fannen dat oft keng Gefiller an der Fotographie mat gedélt ginn ... et ass total én Zeitzéchen... jo d'Fotoen dei vill Succès hunn sinn d'Fotoen dei d'Aan uspriechen awer net d'Gefiller... alzaiten rarement.
Dei grouss Fotografen ewei de Cartier-Bresson, Doisnaux, Newton asw dei Street an Reportage Foto esou ze soen erfond hunn hunn emmer gesot dat én einfach net denken muss ... just nemmen observeiren ... net verstellen mé duerstellen wat mir mat eisem Aan gesinn awer mat eisem Haerz spieren....
Des Foto huet schon eng Story... dei ech hai net well erzielen well dei fir d'Médchen total Privat ass mé ech hunn dei gewollt esou duergestallt ...