Lues an lues fannen ech get den Sënn vun deer 2. optionaler Kategorie messbraucht oder einfach falsch verschtaanen.. keng Ahnung mee feiert schlussendlech nemmen nach zu engem groussen Duercherneen..
Mojoo, Fantasie ass gefroot
Ech klären op (Sircharles mecht et jo net ;P): Daat Kand greift heen jo un mat deem SchaumDings, genausou wéi Reptilen och ungreifen kennen (richteg verstaan?).
D'Foto fannen ech awer iergentwéi cool, ass naicht un de Fotoapparat komm?
Gudd 10 punkten n Minaa , jo esou as meng kleng geschicht :P
Un d' Objektiv as neischt komm, mee e puer Spagettien un den Boittier , mee am Allgemengen neischt , merci der Nofro
Jojo Minaa, d'ass net dass ech keng Fantasie sollt hun, oder keen Spaas verschtin, mee wann geschwenn jiddfereen sou kennt sin d'Kategorien geschwenn all voll mat sou Saachen. Cf Kommentar vum Johny.
Mei oh mei, war jo net béis geméngt ... Gin eech zwee jo och recht waat daat mat de Kategorien ungeet, wollt nemmen opléisen waat daat mat de Reptilen ze bedeiten huet
eng fuesschlaang oder wei daat laaaangt déngtens aus der dous och heescht kann een enner emstänn schon mat vill fantasie a guddem wellen als reptil ziele lossenwage ich zu behaupten
D'Foto ass zwar ganz flott wei ech fannen mee dei zweet Kategorie do gehéiert net bei des Foto. Egal ob Spaaß oder net, daat ass hei net de Sënn vun de Kategorien... Een den déi Kategorie duerchkuckt denken ech wëll keng Fotoen vun Kanner dertëscht erwëschen.
Merci merci , mee ech fanen seuwiseu dass d' Lierwen ze vill eescht as , an dofir kennen mer eis jo een klnegen Spaas erlaaben , kennt nechst keier nemmei fier , verprach
Ech versti jo dass de sees et hätt ee se genee su gudd dohin kënne setzen mee wei gesoot, de Sënn vun der Andeelung ass daat net, an ech denken daat keins du awer och verstoen. Iwregens: Et gët eng Edit Funktioun
Genial Foto fannen ech! Wees jo wéi schwéier et wuar se ze erweschen., wuar jo selwer dabäi Super moment erwescht an doduerch dat et kromm ass kritt et eng immens dynamik! Kadréiert ass se och tiptop, gecroppt ass se jo net, hun d'orginal jo gesinn... Waat daat mat der Kategorie ugeet, gin do mol léiwer kängen räscht a kängem onräscht, net dat ech enner Emstänn nach als ''iwwerhiewlech'' oofgestempelt gin well ech deem falsche räscht gin, wees ee jo nie
Trotdem, op lo fläit bessen Zoufall am spill wuar ass jo egal, d'ass awer eng super Foto