Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ranschelt

 
Ranschelt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.04.2010
  • Gekuckt:
    44769
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    2200
  • Blëtz:
    no Flash
  • Beliichtung:
    1/30
  • Gréisst:
    2000x817
  • Späicherplaz:
    421 KB
  • Originaldatum:
    9.04.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S Nikkor 16-35mm 1:4 G ED VR
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44383]
Kommentar vum Fotograf:
Een éischte versuch, ee panorama mam 16-35mm ze maachen
3 Fotoe, fräihand, Tone mapping plug-in am PS
Gaga 09.04.2010 - 14:34
flott daat doten !
E bessen stecht et mer an t'aan dats de net genau an der mett stungs, mais de recht as een super pano !
fier en pseudo HDR as daat nawel graat esou flott !
smile
Nicon07 09.04.2010 - 14:55
Ech stoung vläicht genau an der Mëtt (oder bal respektiv bal net ... smile), mais ech hu rechts eng Bänk manner drop an och dofir ass dat Ganzt dezentréiert. Mais souwisou: Do ass keng Mëtt an der Kapell, ob alle Fall hun ech se nach ni fonnt. Irgendwéi ass do alles schief a kromm.

Egal wéi, merci fir de Kommentar.
Gaga 09.04.2010 - 15:28
jo dei aal heiser, hun och esou eentbigsmile !

mais ech hun et um altor an un den seitenwànn hannert dem altor gesin, well do t'perspektiv ganz anescht as lenks wei riets !
Mais ech wees, ech sin en symetriefreak ... den Ed wert schon erem de kapp reselen ! closed_eye
Nicon07 09.04.2010 - 19:43
Ech sin normalerweis och fir d'Symmetrie. Hei war ech einfach e besse gestresst, an hu séier, séier drop lass geknipst. Ech hat souguer de VR um Objektiv net un, dat hun ech hannenoréischt gemierkt. Wéi ee gesäit geet et och ouni bei 16mm... smile
Gaga 09.04.2010 - 20:38
jo, mat enger 30tel geht et nach esou just, sou laangs de keen parkinson hues !
smile
GrAl 09.04.2010 - 16:16
Ech sin paff wéi hell an grouss déi Kappell mettlerweil ass...
Nicon07 09.04.2010 - 19:45
Mat 50 Zent kritt en d'Kapell hell, gell! Ech hat mol eng Kéier mam 8mm Fisheye probéert een 360° Pano ze maachen, awer dee kréien ech net zesummen. Dorunner gesäit een dann, datt se awer zimmléch kleng bliwwen ass...bigsmile

Merci.
suraki 09.04.2010 - 17:58
immens flott an weider esou ! smile
Nicon07 09.04.2010 - 19:45
Ech wärt mir Méih gin.


Merci och dir fir de Kommentar.
Houll-art 09.04.2010 - 18:19
E super flotten Triptychon hues du do gemaach.
Nicon07 09.04.2010 - 19:46
Merci villmols.
Jean-Jos 10.04.2010 - 22:16
Eng immens Kiirch, däi Pano an déng Serie fannen ech richtég gutt.
Ech war virun e puer Joer och emol do an hun eng serie Biller gemacht, déi ech awer haut anescht géif ugoen.
Ranschelt
Nicon07 11.04.2010 - 12:47
Déi sin awer net ze verwerfen do bei flickr. Du kanns jo och mol hei déi Serie weisen, vläciht kriss du do e puer Kommentarer méi, wi bei flickr... closed_eye


Merci.
Jean-Jos 11.04.2010 - 13:50
Merci Nico, ech hu se gëscht owend jhust viru méngem Kommentar bei dénger Foto op flickr eropgelueden, fir se hei ze weisen [ dat ass kontradiktorësch, ech weess smile ], déi éischt Deeg si se nees fort bei flickr.
Nicon07 11.04.2010 - 14:26
Ah sou! Mais wat ass dann do kontradiktoresch dru, fir d'Fotoen op e puer Fore parallel ze weisen???
Jean-Jos 11.04.2010 - 22:36
d'Fotoen op e puer Fore parallel ze weisen : natirlech nët kontradiktorësch; ech hu jhust selwer bosség fonnt, d'Fotoen op flickr erop ze lueden, fir se dann hei ze weisen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 471 Gäscht online