Majo deemoment kann se Serienbiller machen, ouni der teschent zespeicheren, mee dann awer och nemmen mat 2048x1536Pixel, an den Apparat stellt nemmen am ufank Scharf
An deem Fall muß te deng Blend esou astellen daß deng Deiftenschärft relativ grouß ass, daat mißt jo mat enger klenger Brennweit dech ech jo eh mengen das te hei geholl hues, net schweier sin.
An dann einfach een Punkt gesicht wous te Scharf stells, den AF ausgeschalt an et ass alles scharf...
Bei deenen 2 eischten kann daat deen gringen Deel vun der Barrière zb sin.
Ech schätzen deen Punkt emol ob 4 Meter vun dir eweg.
Brennweit 24mm, Blend f1,5, deng Schärft fänkt elo bei enger DX Kamera bei 2,02 Mter un an geet bis ob 201,97 Meter, domadder ass alles scharf an du kanns den AF ausmaachen
Ech hun awer am Moment eben keng DSLR, an kann leider Blend doweins net astellen, mee merci fir den Tip well dann kann ech dat bei der DSLR (dei an Planung ass) probieren