Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kaoru

 
Kaoru
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.02.2006
  • Gekuckt:
    14348
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/180
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    457 KB
  • Originaldatum:
    24.01.2004
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 10 D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Objektiv: Sigma 2,8 24-135mm

Fir anzesetzen: [pg_img=4197]
Kommentar vum Fotograf:
d'Originalfoto war am Breedformat, huet mir nët sou gefall, hun se duerfir quadratesch gecropt a wesentlech méi eng kardréiert, wéss nët op nët nach méi eng besser gewést wir sou dass uewen riets de schwarzen Hannergrond och nach verschwonne wir, daat héscht dann am Héichformat am Verhältnis 2:3.
No_Saint 28.02.2006 - 00:06
Een agreabel douced Bild. waat sëcherlech duerch dat quadratëscht Format ënnerstëtzt gët. Schéin och déi Hoersträhn riets déi parallel zur Kontur vum Gesiicht leeft.
Ongewéinlëch, d'Positioun vun den Aan, esou wéi wann ët erop ging kucken.
rhconcept 28.02.2006 - 13:37
Daat mat den Aen war mir mol nach nët opgefall, d'Foto ass jo vun zimlech no geholl, ech war mam Fotoapparat also é bëssi méi héich wéi am Médchen senger Aaenhéicht.
cyber 28.02.2006 - 13:01
wirklech schein foto smile
rhconcept 28.02.2006 - 13:35
Merci!
klex 01.03.2006 - 16:03
Mär gefällt déi ganz gudd! Flotte bléck, schéi Beliichtung, flott sepia-téinung.
Waat ech net su gudd fannen ass dat di strähn Hoer fir net schaarf ass, waat mech wonnert well et jo awer Blend 8 ass :S Géif et besser fannen wann nach méi Déifteschärft dra wär fir dat alles scharf wär.
Daat véiereckegt format passt hei och ganz gudd. Ech hätt an dénger plaatz d'Foto besse mi kläng dropgesaat, da gesäit een d'Foto op ee Bléck ouni mussen rop an roof ze scrollen, daat erliichtert d'liese vum Bild immens.
Zu gudder läscht, d'gesäit äus wi wanns de um Baak an um Kenn besse retuschéiert häss...falls deem sou wär fannen ech et net gudd, d'gesäit een et zevill.
Daat objectiv huet awer keng Fix Blend oder??? Wär zwar flott en 5fach-zoom mat 2.8, mee soueppes gett et mängen ech leider nach net...
rhconcept 02.03.2006 - 12:49
Déi Foto war nach mat mengem aale Casio megaacht, huelen un dass de Problem Déifteschärft bei Blend 8 do einfach un der Qualitéit vum Objektiv loug, well mat der Canon hun ech bei där Blend an Brennwäit jo trotzdem méi Déifteschärft. Merci fir den Typ vun der Gréisst, well um Site als optimal 800 pixel steht hun ech meng fotoen op där längster Säit och ëmmer dorop beschränkt, beim quadratische Format wärt ech an Zukunft da 600x600 benotzen.
Ech hun effektiv retouchéiert, maachen daat méschtens bei Studiosopnhamen, déi heite war nach an enger élerer Versioun (ech mengen PS6) gemaacht, do haat ech nach kén Healing Brush, hun nach misste stempelen, an daat gesäit én hei, wann é genau kukkt, zemol et och nach en Äusschnëtt vun der Originalfoto ass.
Dann zum Objektiv: nén et huet keng Fixblend, ech hun et als éischt bei der EOS 10 kaaft well et an den éischten testen gudd Kritike kruut, nët ze deier ass, an awer e relativ intressanten Zoomberäich huet. Et ass allerdings lues am Autofocus, wann s'de de Fotoapparat mam Objektiv no ënnen hälls, schiebt sech den Tubus ëmmer räus, d'Qualitéit vun der Optik ass gudd, ma ech géif et nët méi unbedingt kaafen.
Merci fir deng Kommentaren.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 419 Gäscht online