Dat sin zwou Chocovit Fläschen déi wuel zwee Kofferdéiwen oder Amateurfotografen do an der CT als Ooffall hannerloss hun. Sorry, an der CT get et aaner Saachen ze fotograféieren wéi rezenten Schrott. Sief mir w.e.g. net beiss. Awer daat do ass keen Detail vun der CT. (...ass produktiv gemengt an net fir dir deng Foto schlecht ze machen, déi un sech gudd ass)...
Merci fier dein Komment. Ech kann deelweis deng Kritik novollzéien. Et misst usech op der Hand leien datt wann een an d'CT geet een Fotoen mech mat deenen een zum Beispiel probéiert een Deel Industriegeschicht festzehaalen.
Et gett awer nun eemol och eng aaner, eng mei jonk Geschicht vun der CT an der eben all Gramm Koffer geklaut gett alles voll Graffitien ass an een bal iwwert aner Fotografen trellt . Et ass fier mech, den ereischt eng Kéier do war, natierlech och mei schweier nozevollzeihen wei et do virdrun ausgesinn huet wou nach net sou vill démoleiert wor.
Ech kann also deng Kritik nemmen sou weit deelen datts de sees et ginn secher mei interessant Détailer an der CT ze fotograféiren. Datt dat do awer keen Détail aus der CT ass deem wiederspriechen ech well et fier mech zum Bild wat ech do vierfonnt hunn passt.
dein Komment huet mech opallefall e bessen zum iwwerléen bruecht.
Merci dofier.
(hoffen mer alt just datt keng Amateurfotografen d' fläschen dogelooss hunn dei missten et jo usech besser wessen )
Ass gär geschitt. Et wor jo net schlecht gemengt. Et ass schued dass du d'Chance net kritt hues d'CT nach virun engem Joer ze gesin. Wann do eventuell zwou sou Fläschen gestanen hätten, dann hätt ech se hëchstens eweg geholl fir d'Foto ze machen well ech wees dass déi Leit déi do déi Fläschen hannerloss hun, bestemmt och dozou beigedroen hun dass se haut sou schlecht ausgeseit. D'Foto un sech ass gudd. Mein Kommentar huet eben méi domat ze din gehat waat ech dobei empfannen wann ech den ganzen Müll an der CT gesin.
Ech hat dein Kommentar och sou opgeholl an effektiv hätt ech gär d'CT virun deem ganzen Vandalismus gesinn an nach leiwer dee Moment wou do nach geschafft ginn ass.
Et freet mech awer wann d´foto der gefällt.
(seit weini gett eigentlech do net mei geschafft?)