Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

CO2 émissiounen ...

 
CO2 émissiounen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.09.2009
  • Gekuckt:
    24603
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x666
  • Späicherplaz:
    540 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=39602]
Kommentar vum Fotograf:
... wärten héi net méi zur Diskussioun kommen ?
Shantideva 28.09.2009 - 17:28
Du wars jo bei mir doheem! Flott verschafft. Daat gefällt!
suraki 28.09.2009 - 17:40
bei dir doheem smile hehe
Jo ech woust de Sonndeg net wat ech sollt machen, an sin einfach droplasgefuer ... a bei dir doheem ukomm.

ech kann der awer soen dat se ganz schéin am gange sin an dénger Kummer ze raumen. Se schléefen do zu zeg Léit , Tonnen Koffer aus dènger Kichen eraus, ... ech gléwen net, dat én do nach lang kachen kann unhappy((
Shantideva 28.09.2009 - 17:57
Jojo, ech wees. Et waren och Sprayer um wierk déi iwerall hier scheiss Taggen hannerloss hun an et hun e puer Jugendlecher zwee Mol do Feier gemeet. Sou dass déi meschten Platzen leider elo oninteressant gin sin fir ze fotograféieren. D'Paart ass vun den Pompjeen opgebrach gin fir den Brand an den Büroen an am Schaltraum ze läschen. Souwiesou kennt den Schlackenoofbau vum Cloos emmer méi no, an irgendwann get se souwiesou eweggerappt well déi Zentral op engem Verméigen Schlacken steht.
Se ass just voll Asbest an déi Zigeiner déi sech do amuséieren alles auserneen ze huelen werten wuel op kurz oder lang hieren gesondheetlechen Schued dovun droen. Ech denken dass et den Mittal irgendwou souwiesou arrangéiert. Dann brauchen wéinstens keng Leit vun him krank ze gin.... Schued just fir deen Patrimoine deen alt erem verschwennt. Awer mir hun en jo op Foto. Daat ass schon vill Wert.
suraki 28.09.2009 - 18:27
mer blutt bei esou eppes einfach nemmen d'Häerz ! Ech wärt och nie verstoen, ewéi "verschidde" Léit, einfach Alles wat se fannen, nemmen welle kapott schloen, an dann och nach hiere Spass drun hun.

Du hues et ower gesot, op d'mannst bleiwen e puer Erennereungen smile
arwa 28.09.2009 - 19:12
ob sie daat och nach gären hätten, wann dei aaner daat selwescht bei hinnen dohéem geife maachen
obwuel, ech denken eichter, do get ët neicht futti ze schloën !!
suraki 28.09.2009 - 19:32
du kéins do nawell recht hun smile
arwa 28.09.2009 - 18:07
Location, Sujet, mise en scène souwei bearbechtong - wei vun dir gewinnt, - vum feinsten !
suraki 28.09.2009 - 18:17
merci Armand, dat freed smile
mOnsterbUg 28.09.2009 - 19:10
the machine ... wei agraveiert, ...impressionant an spektakulär!
suraki 28.09.2009 - 19:31
oder the The Time Machine, wëll d'Zéit hei as esou gud wéi ofgelaf smile
merci mOnsterbUg !
romor 28.09.2009 - 20:10
Waat eng Schärft an Détailräichtum!! Top verschafft! Gefällt mega
suraki 28.09.2009 - 20:53
merci !! ,
Schärft as awer bei 800 Pixelen eng Illusioun closed_eye
Gaga 28.09.2009 - 21:26
hei as alles gesoot ... super !
eech froen allt erem weis de se verschaft hues, as et photomatix oder alles PS ?
hun nach net am kapp ween wei schaft hei ! smile

top foto an Fav fier mech !
suraki 28.09.2009 - 22:20
merci Gaga, och fir de Fav..... closed_eye

et as alles Photoshop ! , béis Zongen behapten ......
..... , an aner kafen sech ferdeg Filteren ...bigsmile
Gaga 29.09.2009 - 08:04
färdeg Filteren = Photomatix ?
Bein, also ech fannen et mei einfach am PS wei am Photomatixbigsmile !
Muss onbedingt dem Shantideva sein Workshop eng keier matmachen, wann en nach eng keier as !
Mais daat doten as tip top !
den Mirgain haat Recht, vous pouvez vraiment TOUT faire avec Photoshop !
suraki 29.09.2009 - 18:02
färdech Filteren war ironesch, op en Kommentar dén ech mol krit hun, gemengt closed_eye

Meng Biller, sin an extrem Situatiounen wéi des hei, emmer aus dréi Belichtungen gemach (-2 ; 0 ; 2 Blendenwerter ) besser 1/4 ,korrekt, an 4 fach Zéit .
dorno gin se (méchtens) mat Photomatix verrechent, wat awer nemmen derzou dingt én enzelt Bild ze kréien. De Recht as Photoshop mat nët ! vill gefilters closed_eye
Jeanny 29.09.2009 - 06:04
eng wonnerschein Erennerungsfoto Edy.
a wei emmer super verschafft
suraki 29.09.2009 - 12:11
merci Jeanny

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 638 Gäscht online