so richtig kapiere ich das ja nicht ..... normaler ästhetischer Akt ist hier nicht erlaubt, solche in meinen Augen eher billige Schnappschüsse aber doch? .... seltsam!
"Voyeur" faellt mir da ein: fehlt nur noch Papier.
Und die verzweifelte Geste mit der Faust das zu verstecken was tigermaessig angedeutet ist hat einen Hauch von Gewalt.
Wenn das die "message" ist, bleibt trotzdem noch dass in diesem Fall ein Quadrat die Sache abrunden haette muessen.
Ich bin deiner Meinung.
ich bin der Letzte der gegen innovative Ideen ist .... im Gegenteil .... mit Begeisterung verfolge ich die Suche nach neuen Wegen bei Suraki, Severine, Marc Gerard oder zB auch Kwitichibo ..... aber nicht alles was 'mal was aneres' ist, empfinde ich als gelungene Innovation ....................... aber die Geschmäcker sind durchaus unterschiedlich und das ist auch gut so!
Ech sin net dem Treverer senger Meenung an sin frou wann neien Ideen kommen zu mols an der Model Foto scene ...well hun net vill rares gesin hei an der läscht...
indeed, provokant .... mais netzstremp fannen ech emmer gut !
kloer dat bei enger foto den message oder senn net eriwer kann kommen, wanns de elo Merkley geiffs heeschen an t'foto nach mei knätscheg fuarwen hätt, wieren fill leit begeeschter !
op jiddefall fier mech mei verständlech wei z.b. t'Kloaka am Mudam !
naja, also daat sin sou dei sachen wou ech mech froen waat t'leit sou am kapp hun !
en ganz extremt beispill as z.b deen hei :
[URL=http://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/0,1518,512799,00.html] zum Stern Artikel[/Url]
et scheinnt mer wei wann een sou luess alles als konscht verkaafen kann ! Och wann eng argumentatioun derhannert as, muss konsht an mengen Aan och moralesch vertrietbar sin, an t'moral an eiser gesellschaft as numol net mei dei ... ech fannen verschidden 0190 reklamen mei dekadent an fraenfeindlech wei dei foto ! an dobai as op der foto den provokanziounseffekt jo mol net dofier geduecht suen ze verdingen !
als läscht kann ech mech nemmen uschleissen dat se mol e rem eng länger diskusioun erfiergeruff huet ... an mer gesin, dat hei och jiddereen seng mehnung huet.
Ech sin awer mol frou sou verschieden Uregungen zur Photo ze liesen.
-Daat mam Quadratisch abgerundet fannen ech mol keng sou eng schlecht idee... keint flott ausgesin.
- Schnappschuss NEIN Billig NEIN ( ausser ech hät lo falsch verstaan; me net emmer wann een besse Mei gesait an besse provokativ as, dass et direkt Belleg as); und stimmt dass nicht alles was anders ist als gelungen scheint - daher affaire de geschmäcker, und das ist auch gut so ... ( wie schon von dir erwähnt ) Ich hab lieber dass man die Geschmäcker und Meinungen hier diskutiert als gar nix dazu zu schreiben, daher THX
wenigstens das ne danke troztdem ... Bin auch froh dass Du mir was dazu geschrieben hast. Deine Bilder gefallen mir nämilch saugut. Also muss dich irgendwas bewegt haben, mir zu diesem Bild was zu schreiben.
Ich bin kein Freund davon, nur Postives oder nichts zu schreiben ..... wenn mir ein Bild nicht gefällt schreibe ich das ...... und erwarte Gleiches auch bei meinen Bildern !
Miau mer perseinlech gefällt se net, an ech selwer fannen ewéi du och keng Esthetik dran. Ech sin just elo am gangen iwer eisen " Fréischalter " ze staunen, well ech wés wat schons mat welchem Argument refuséiert gin as
elo sin ech awer gespaent wat hei nach alles geschriwe get.
eng diskussioun iwert e Bild, ob flott, gut,schéin schlecht, obzön, oder, oder, as awer ok
war ja auch das, was mich gewundert hat ..... ich persönlich empfinde viele Aktbilder weitaus weniger problematisch als ein solches Bild ...... aber der/die Freischalter werden sich schon was bei gedacht haben
d'acc Suraki, ech wollt es just net soen, ech si zwar ee klasseschen Fotograf mais ech kann Kreativiteit ewei sie vun dir, Shantideva, Treverer a.s.w. konzipeiert ass ganz gudd apprecieren, hei leit neischt dran weder Esthetik nach Kreativiteit, meng Fra giff höfflech ewei zu Trier soen t'ass "gewöhnlech"
Ass net sou menges. Zevill... hmmm... ... no un der Gewalt.... Awer wanns du daat duerstellen wollls, ass et dir gelongen. Ech hun do léiwer Fotoen déi Fraen obwerten....
Wat mech awer dan och nach intresseiert as; weieng Argumenter gebraucht gin fir eng Photo ze refuseiren ?? Just fir ze wessen wei " wéit " e ka goen ??
Daat doten sin Foto'en dei een Haudesdaags an villen Fashionzeitungen fennt, just mat deem Ennerscheed dat een an der Zeitung den ganzen Model gesäit. Et ass Fashion, Retro an wei den Kwitch sootm mol eppes neies, an neien Wand ass fier mech emmer welkomm!
Dei Foto ass liicht provokant an daat ass et, waat Moudefotografie äusmecht! Et muss een provozéieren fier kennen registréiert ze gin, well 0-8-15 well keen gesin.
Ech fannen et och schued dat Akt hei net erlaabt ass, mais hei sin nach vill Mannerjähreger AN ech kann mier net fierstellen dat do vill Rares geing dobäi räuskommen.
Wei gesoot, dei Foto ass eppes aaneschtes, chacun son gout. Mais ofwärtend fannen ech se net.
jo, ech hu beigeléiert .... dat dat doten vun iech zweé,
als Moudefotografie schéigeschriwen oder besser vergewaltecht get.
.. ob ech elo méi schlau sin, wann ech an Zukunft meng Biller machen, née an beandrockt sin ech och net !
Op dat mech beaflosst huet, .... ech hoffen ganz stark ... net !!
Jidderengem Senges. Ech denken dat ech wees vun waat ech schreiwen vu dat ech mech vill fier dei "nei" Moude interesséieren, resp Fashion. Do ass eben deen Stil vill vertrueden.
Jidfereen senges ! dei eng Kaafen ferdeg Filteren dei anner probeiren se selwer Foto esou hin ze kreien wei se wellen allmensch soll sein Wee goen an daat as guud esou!
Secher as et mei einfach eng Moss ze hueln soen do nemmen ennerwäsch un stell dech dohinner w.e.g Position 14 an dann knips knips
Grosso modo sin ech frou soufill uregungen heiren ze hun. Fannen all mensch huet bessen senges Guddes hei beigesaat. Free mech do driwer... Hoffe mat der nexter och rem kennen puer flott comments ze kreien.
Nite
Mir perseinlech gefällt d'Foto guer net, net sou vum Motiv hir, well dat ass Affaire de goût, mais einfach vun der Beliichtung, de Faarwen de Cadrage, an dann och nach dee weissen Strech duerch d'Bild wat ech unhuelen datt et en Grashalem ass?
hun der nach net geschriwwe wéi gäil ech déi foto fannen .... ménger meenung fehlt näischt, an et as näischt zevill.. ech wier frou, esou eng geschoss ze hun !! ech wier awer och ni drop komm se ze huelen, an dat begeeschtert mech fläit grad!
Wann een sech net kann op eppes neies aloosen an all seng Grondsätz vergiessen ass et schwiereg
Zäitgenösseg Konscht ze verstoen, ze schätzen an ze genéissen. Ech hat mer déi Comments erwuard déi ech hei liesen, a vun deenen wu se geschriwwen hun... Behaapten net onbedéngt dat dat hei elo Konscht ass, well just widderhuelen:
''L'art (comme on la connait) est mort''
dat sot de Marcel Duchamp 1912. An domat wuar en der Zäit wäit firäus.
Eng super erfreschend foto... net deen schaiss mainstream deen ech emmer oplueden!!
An mengen aen eng foto dei gud an scene bruecht gouf, provokant as...
Kann dem MarcGerard/Kwitschibo asw. definitif nemmen zoustemmen!
Fir mech gehéiert zu enger gudder Foto net nemmen dass se technesch perfekt beliecht ass well daat esou an engem Léierbuch steht,mee dass se eppes ausdreckt !
A genau daat huet den EyE mat dëser Foto ereecht....si dreckt eppes aus...fir mech Angscht...jo esouguer e bessen Gewalt a Brutalitéit.
Si erennert mech drun dass eis Welt eben net emmer rosarout ass.
Iwerens si vill Fotoen vu groussen Norichtenagencen schon zur Foto vum Joer gewiehlt gin,wou Zaldoten drop stiewen asw...
Och dëss Biller drecken eppes aus,a grad daat mecht se gudd,och wann daat villeicht net "schéin" ass waat een do geseit.
Ech denken do zum Beispill un déi weltweit bekannten Foto vun deem Meedchen an dem Vietnamkrich déi denken ech de Groos vun de Leit dierften kennen.
Mee de Fotograf huet et färdechbruet an engem eenzegen Bild daat festzehaalen waat dee ganze Krich ausgemeet huet an dofun kann ech just mein Hut zéien!
Déi ganz Diskussioun erklärt mer och elo weisou et déi Spart "Akt" hei op Photogen nach emmer net get.
Esoulaang Leit et net färdechbrengen zweschen engem ästheteschen Akt an zweschen engem bellegen ofwertenden Kalenner-Pinup ze entscheeden wärt dësen Bereich vun der Fotografie hei fehlen.
Wéi huet de MarcGerard geschriwen :*hun der nach net geschriwwe wéi gäil ech déi foto fannen .... ménger meenung fehlt näischt, an et as näischt zevill.. ech wier frou, esou eng geschoss ze hun !! *
Ech weilt deem nach eppes beiflecken :
Ech weilt an enger Austellung géifen Leit esou iwer meng Foto diskutéieren ewei iwer dess,well da wéist ech dass ech mein Ziel ereecht hätt mat deem Bild !
Fir mech op jidferfall eng gudd Foto,passend Faarftéinung....provokant...ausdrocksstark...
Gudd !