Di Zacken vun den Dännen,
ëmmer mi kleng vu rechts ënnen
no lenks uewen bis hannen
an d'Bierger,
di heemlich Nuancen vu Blo,
déi Kopp an de Wolliken
iwer dem Dall am Fiels:
dat Alles, galileo, ass nët nëmmen 1 Sonnenënnergang.
Dat ass eng TOP-Foto.
salut, ech hun mol eng keier eng fro, keen koment also !
ech probeieren och gaeren an oft mei sachen richtung landschaft etc ze probeieren, an hätt ech eichter hei probeiert eng ganz kleng blend ze beotzen fier dei greisstmeiglech deiftenschärft zekreien ! du hues hei eng mettel blend benotzt, fierwaat ? fierwaat keng 15sec beliichtung zb ?
Salut!
Flaicht kann ech der do weiderhëllefen.
Bei Landschaften hëllt een fier geweinlech eng Blend vun 8 bis plus ou moins 11, ganz einfach doweinst well se dann mei schaarf gin.
Wann een eng mei grouss Blendenöffnung hëllt wei lo z.B. 4,5 dann gett se eischter an der Mëtt schaarf, awer zum Bord hin ëmmer mei onscharf.
Well den Fokus bei landschaften fier geweinlech souwisou zentral an der Mëtt lait an d'Objektiv souwisou op "Onendlech" fokusseiert, well et net mei am Fokusbereich vum Objektiv leit, wat jo emmer begrenzt ass, beim Tele allt mei weit, beim Weitwenkel mei no. Doweinst spillt d'Deifteschärft bei Landschaften eigentlech keng Roll, zumindest kann een se net matt mei enger grousser Blendenöffnung erreechen.
D'ass besser mecht een duerch an duerch schaarf Fotoen, also matt Blend 8-11 an dann mam Stativ wann et geint der Owend ass.
merci Eric, mais daat as jo daat waat ech mengen ! also fierwaat net eng bend 22 ? natiirlech, bei mei wei 1min beliichtung kritt een beweegung an t'stären, mount oder sonn, mais ech probeieren do emmer karement fun maximaler blend mech eroof ze schaffen, an net fun eger mettler blend erop ? wou as do mein denkfehler ?
Déi meeschten Objektiver brengen hier beschten Bildqualitéit bei enger mëttlerer Blend, also 8-11, an daat dachs och nach am Randberäich. Méi kleng Blenden ab 16 bréngen do oft schon um Bildrand e Bildqualitéitsverloscht mat sech.
Jo, dachs hudd een bei mei klengen Blendenöffnungen wei z.B. bei f:22 eng Vignetteirung an den Ecker, virun allem bei Weitwenkelobjektiver.
Bei Blend 8-11, also enger mettler Blendenöffnung kënnt emmer nach genuch Liicht ran fier de gesamten Bildbereich korrekt auszeliichten, an trotzdem alles scharf ze kreien, wei bei enger bal ganz zouener Blend wou et zum Rand hin ze daischter gëtt.
Ech géif just nach derbäi soën, datt dës Foto mat Stativ gemach ass, an ech awer keng méi laang Beliichtungszäit geholl hun, wëll de Verwacklungsrisiko (zB. duerch d'Loft) trotzdem nët null ass.....
Laut Exif huet den galileo bei 190 mm an Blend 8 ob desem Bild secher alles absolut scharf. Wann heen op 240 meter eppes focuséiert, dann ass de Rescht hannendrun onendlech scharf, an virdrun bis 120 meter. An sou wéi ech gesin ass do neischt op der Foto waat méi no wéi 200 meter ass. Also ass eng Blend vun 8 absolut optimal gewielt.
Déi Werter (Hyperfocaldistanzen) kann een ausrechnen. Du kriss och online Rechner dofir. Alles hängt vun der Brennwäit, Blend an Distanz zum Sujet oof (an och Sensortyp - also hei Crop 1.6). Bei Blend 22 hätt just d'Qualitéit vum Bild gelidden.
Ech hoffen ech konnt daat elo e bessi "verständlech" eriwerbrengen.
Zu der Foto: Wéi emmer beim Galileo sengen Fotoen.... Immens flott Landschaftsopnahm mat enger ganz flotter Stemmung.
merci shanti ... elo verstn ech och firwaat ech problemer bei mengen läschten fotoen haat !
indeed hun ech extrem grain an den fotoen, obwuel ech nemmen iso200 also den min. bei der d90, knippsen !
wert et elo net esou op t'spetz drewien mat der blend ! emmer die goldenen mitte !
Déi Foto huet eng immens Déift dodurech, datt d'Koppen an d'Bierger - wat se méi wäit ewech réckelen- méi bleech an ëmmer méi flou gin. Dat Ganzt gëtt ëmsou méi staark betount durech déi schaarf, kantég Sihouette vum Bësch viir. Doriwwer eraus absolut flott cadréiert!
Fir mech eng Foto fir an d'Léierbuch!
Villmols Merci fir dat Luef do ! D'Natur huet mer hei d'Saach och einfach gemach - et huet just geheescht nët träntelen....wëll déi Luucht do war nëmmen fir 5 Minutten esou schéin.
Dat ass eng Pracht ... déi géif ech gären eng Kéier am Groussen gesin, keen Must, mee bon, huelen un dat een dann di fäin blo Ennerscheeder besser erkennt
CHEERS
MUZ