Merci.
Jo stëmmt, et ass wirkeleg eng immens flott Plâatz, an ech hu font dat et owes lang hëll bliwen ass, an ech och dofir nach ganz spéit kont fotogrféieren.
Genau esou gesinn ech et och ! Flott och déi verschidde Strukturen.
Hei wier méi eng laang Beliichtung (15-20sec) sécher och flott - géif natierlech eng ganz aner Stëmmung gin, wëll d'Struktur aus dem Mier ganz verleeft.
Merci Galileo.
Du hues komplett Recht, well ech hun eng Foto mat méi enger langer Beliichtungszait, an do gesait d'Mier total "wattéiert" aus, an et passt absolut net, zumôls d'Mier ée relativ groussen Déel vum Bild ausmecht.
Schéine Bildopbau an flott Liicht, allerdings kippt se bëssen no riets, nee? As lo nët dramatesch, mee stéiert mech e bëssen (as awer daat eenzegt waat mech stéiert)
hmm hun wierklech niks drun auszesetzen.....den MAXIMUM wier een Panorama gewiecht bei dem den Strand ennen riets am Eck ausleeft an wou dSonn na mat drop kent an dOrange den rietsen Schluss mecht......wascheinlech technech awa just schweier ze maachen (Strand)
D'Iddi fir éen Panorama ze man ass net schlecht, mais vun dësem Standpunkt net optimal, d'Sonn war schons hannert dem Horizont verschwonnen "22auer05", an ouni d'Sonn mat drop wier riets dann zimlech eidel gewiescht
@ Alleguer..!!
Jidderengem nach eng Kéier ée grousse Merci fir de Luew an d'Comments. Sin selwer e bessen erstaunt iwwer dée groussen Uklang an et fréet mech dat d'Foto gefällt.