@Scoty: Kuck dir d'Glas mol méi genee un, an säin Inhalt. À moins dass de Focus do ganz speziell Drénkgewunnechten hätt déi nët emol d'Ierren biswell erwonnt hun, huelen ech dach staark un, dass daat geplangt war.
Wierklech super ausgefouert, Focus! Fir d'Iddi alleng mengen ech och dass du eng TOP Bewäertung verdéngt hues, géif dir gären 9,5 gin, fir dass du nach minimal Sput hues fir daat final Resultat nach kënnen ropzekréien eng Kéier.
All Respekt!
(Häss du eng bestëmmten däitsch Béiermark geholl, wär d'Foto zwar net sou edel, mee du häss se kënnen deier verkaafen. )
gin dem scoty an dem kleent zwar hei recht: ass wierklech e bessen iwwerbeliicht, an daat kann een och dobaussen oofdonkelen. daat ass usech och den halwen grond wisou ech hei keng 10 gevote hun.
gefaellt ma... de vuggel as schéin scharf, glas an schampes sin tiptop gestallt an de moment ass super...
just schued dat se effektiv bessi iwwabeliicht ass... mee de grond dofia hues de jo scho gin...
top foto!!
Super flott Motiv an en excellenten Moment erwëscht! Fir mech mat dat beschten vun dénger ganzer Fillechers-Serie. Allerdéngs muss ech soen dass ech se och liicht iwerbeliicht fannen. Och wann dat war fir de Villchen méi hell ze kréien.
Perséinlech fannen ech ët iwregens schued dass de souvill ähnlech Photoen dropsetz. Ech hätt mer déi 3 bescht erausgesicht an déi dropgesat, awer nët méi. Du hues eng Rei wiirklech immens schéin Photoen gemaach, mee da kommen der ëmmer nees dertëschend wou ech denken: déi passe nët bei déi aner flott Photoen wou de Focus soss mëscht (lo nët nëmmen op déi Villercher bezun). Naischt fir ongudd, mee ech wees eben dass du immens flott Photoe maache kanns, a wanns du dann vun engem Motiv der eng hallef Dozen ähnlech Photoen online setz, da verléieren déi eenzel Biller fir mech iergendwéi un hirer Exclusivitéit. Ass nët béiss gemengt, ka jo jiddereen maache wéi e wëllt, ass just méng egen Meenong.
Merci, ech fannen do as eppes drun. Schaffen emmer zimlech intensief un engem Thema; hun zwar bei den Bussarten gefroot ob sech schons nerven...do war t' Aentfert e puer mol nee. Mä deelweis hues du bestëmmt Recht.
Muss zwar soen das ech sälwer Schwiregkeeten hun vir ze estiméieren wat fir eng am Beschten, oder iwwerhapt gut ukënt.
Io, wollt nach emmer soen daat ech d'Iddi einfach genial fannen mee wei et och schon gesoot ginn ass schued daat d'Glas ennen iwwerbeliicht ass an d'Flaesch op der lenkster Säit vum Scheld och. Haess de net kinnten RAW fotografeieren, an duerno eng eenzel Foto vum Desch mat der Flaesch a Glas maachen, an dei zwou Fotoen dann am Photoshop iwwerteneenléen?
Wei schon gesoot fannen ech d'idee genial... mee mir gefällt et an den faarwen guer net... bon... et wor schlecht wieder, an den hannergrond hätt ech vllt net ausgewielt... ass mir dann do o bessi zevill Blur dran...
Well dech net emmer als dommen dohinstellen mee et sin saachen dei een einfach net aanescht maachen kann...an am Ps geseit et emmer mei onnatirlech aus